Säit e Mëttwoch ass ee vun den deiersten a miserabelste franséische Film iwwerhaapt an eise Kinoen. Mee et soll elo net ëm den neien Astérix-Film goen. Well gläichzäiteg ass e kléngen engleschen Debutfilm am Ciné Utopia ze gesinn, dee säit senger Première zu Cannes lescht Joer d'Kinosfrënn a Frëndinne begeeschtert, ewéi wéineg aner Filmer déi leschte Méint. Den Tom Dockal presentéiert Aftersun als Film vun der Woch.

040223 Film vun der Woch AFTERSUN 9h10

En éischte Film huet seng Vir- an Nodeeler. Kee Mënsch huet iergendeng Erwaardung géigeniwwer deem Eischtlingswierk a kann am beschte Fall just nëmmen iwwerraschen. Déi schottesch Realisatrice Charlotte Wells huet net just iwwerrascht, mee mat sengem wonnerschéinen Aftersun säi Publique emotional gebrach.

D'Sophie ass e jonkt Meedchen, altklug a ferme gevivt an ass mat sengem Papp Calum an der Tierkei an der Vakanz. An engem Resorthotel, wou ee sech mat engem All-Inclusive-Bändchen duerch d'Zäit schléit. Di zwee gesinn aus ewéi Geschwëster. Hien krut d'Sophie immens jonk an zesumme verbrénge se Zäit matenaner. De Papp huet seng MiniDV Kamera mat an d'Vakanz bruecht, ma och d'Sophie ameséiert sech mat der Handkamera a fänkt hien op mannst esouvill an, ewéi hien hatt. Vläicht esouguer méi. An awer schéngt d'Sophie eppes bei allem mat-der-Kamera afänken net ze gesinn.

RTL

© MUBI

Aftersun ass ee vun deene rare Filmer, déi een op déi rengsten a sensibelsten Aart a Weis drun erënneren, wat de Kino ass. En Dispositif fir Empathie an Erënnerung. Aftersun ass nämlech net just e liichte Vakanzefilm. Et ass e Film, dee versicht ze verstoen. Hannert deene Kamerabiller an dem Vakanzesetting ass en erwuessent Sophie verstoppt, wat zeréckbléckt op eng Zäit, déi hatt als Kand net verstanen huet, mee versicht ze verstoen. Respektiv d'Pappe-Figur déi vläicht oder vläicht net net méi do ass. Aftersun geléngt de Worf, gläichermoossen immens perséinlech an universell fir jiddereen ze sinn. D'Papp-Duechter-Relatioun, verkierpert vun der jonker Frankie Corio an dem Paul Mescal - ganz iwwerraschend an zu Freed vun immens villen Oscar-nominéiert -, ass eng fir de Kinospantheon vu Papp-Duechter-Relatiounen.

RTL

© MUBI

D'MiniDV-Biller ginn dem Ganzen natierlech en zäitleche Kader, an deem sech dat alles ofspillt. Mee se ginn dem ganzen eng déif melancholesch Facette, mat där sech jiddereen identifizéiere kann. Well wou soss sinn engem seng Léifste fir Ëmmer veréiwegt ewéi op Amateurvideomaterial? Sief et mat Handkamera, Smartphone oder soss eppes agefaangen. Maacht mer ee Gefalen a gitt dee Film kucken. A wann et just ass, fir dat der Under Pressure vu Queen zesumme mam Bowie ënnert engem anere Liicht héiert an iech da fir ëmmer dono Tréinen an d'Aen schéisse wäerten, wann der de Song um Radio héiert.