Gefillt vergeet keng Woch méi an där ee keng dubiéis SMS oder Email kritt. Den Ofsender schéngt an deene meeschte Fäll d’Bank, d’Post oder MyGuichet ze sinn. Ma hannert dëse Messagë verstoppt sech eng kriminell Bedruchsmasch: Phishing. Ma wéi genau fonctionéiert dëse Phänomen a wéi kann een eng Phishing Noricht erkennen? Am Kader vum Safer Internet Day soll opgekläert ginn.

07/02/2023 Ëmmer méi Fäll vu Phishing

Warscheinlech krute scho vill Leit e Phishing Message ouni de Begrëff ze kennen. Dobäi handelt et sech ëm E-Mailen an SMSen déi ausgesinn als géingen se zum Beispill vun der Bank oder engem Liwwerdéngscht kommen. A Realitéit gëtt een duerch e Link an dësen Noriichten op eng falsch Internetsäit weider geleet. A wann een do seng Donnéeën a gëtt, huet een se am Prinzip u Krimineller ginn. Si benotzen dës Donnéeën da fir Zougrëff op engem säi Bankkont ze kréien. Am Reportage leiere mir d'Laurie Ndzana kennen, dat duerch Phishing seng Konten eidel geraumt krut a schwätze mat engem Expert fir Cybersecurity bei BEE SECURE. De ganze Reportage den Owend um 19:00 Auer am Magazin op der Tëlee.