Kann een seng Zëmmerplanzen vergiessen, wa se bis vu Wollläis befall sinn? Neen, do besteet Hoffnung, weess den RTL Gaardenexpert Jeannot Lacour. Sonneblummekärenueleg. Dat ass am Fong eng direkt Hëllef. Et räift een mam Pinsel driwwer an dat erstéckt dann déi Wolllais. T'kann een och eppes kafen op Basis vun Paraffinueleg, dat ass och e ganzt natierlech Produkt. Dat gëtt et als Spray oder fir mam Pinsel. Ma wéi hëllefen ech mer, wann ech et ze spéit mierken?

Dann huelen ech déi Planz a setzen se an eng Plastikstut. Mat hier maachen ech just de Ballen ënnen zou. Wann d'Planz net extrem grouss ass kann een dat maachen. Ech huelen d'Tut, uewendriwwer zougebonnen fir dat de Buedem kee Waasser kritt, an domadder stellen ech se an d'Bidden oder Dusch, ganz egal, huelen ech meng Braus, awer net äiskal, an och net gliddeg, mee wotlech Temperatur, an dann mat der Braus driwwer, an dann probéieren ech déi Lais sou vill wéi méiglech erof ze spullen.

Jeannot Lacour - Planz duschen

Bleift d'Fro firwat de Ballen vun der Planz agewéckelt gëtt, ier se geduscht gëtt?

Am Fong fir dass de Ballen net ze vill naass gëtt. Domadder hëllefen ech der Planz schonn e bësschen méi. Ech als Mënsch kann der Planz hëllefen andeems ech elo net iergend eppes sprëtzen, mee ech maachen dat einfach mat Waasser a versichen domadder sou vill wéi méiglech ofzespullen. Zweet Saach, déi och nach gutt ass, wann ech esou mat der Braus driwwer fueren, ass datt d'Blieder erëm Fiichtegkeet kréien. Ech kann dat roueg e bësschen an der Dusch stoe loossen, déi Planz hëlt déi Fiichtegkeet do op.

Jeannot Lacour - Ballen apaken