Den 11.11 huet déisäits der Musel déi geckeg Joreszäit ugefaange. Bei eis am Land brauch dat ëmmer bis mir op Touren kommen, an dann geet et awer och iwwer Äschermëttwoch eraus, bis Halleffaaschten. Bis bei d'Kavalkaden ass et nach e Stéck, awer de Moment sinn et éischter Kapesëtzungen an Baler.

06/02/2023 Kannerfuesbal zu Jonglënster
06-02-2023 Kannerfuesbal zu Jonglënster (1) Erwuessen
RTL

Soubal een erakoum, sinn engem kleng Bokemäiler entgéint komm déi sech iwwer d'ganzt Gesiicht gefreet hunn, an alles ronderëm sech vergiess hunn. An t'waren der vill, déi sech an de Fuesschnëppel gehäit haten.

06-02-2023 Kannerfuesbal zu Jonglënster (2) Kanner