Och wa mer gëscht op ville Plazen am Land op 6 Sonnestonnen koumen, da sinn d'Nuechten dach batter kal mat -6 hënnt zu Béiwen, an och en Dënschdeg an e Mëttwoch an der Nuecht wäert et nees, wann d'Sonn fort ass, wäit erofgoen. Mir kënnen eis dobannen hëllefen, awer wéi verhält et sech mat de Planzen am Gaart? De Jeannot Lacour, eise Gaardenexpert kënnt Palmen an Olivebeem zur Hëllef.

Ech gesinn dacks sou Planzen wéi Olivebeem an Palmen wou de Wanter iwwer en Zelt driwwer gebaut gëtt. Ech sinn elo net richteg e Frënd dovunner, well wann et wéi dës Woch an der Nuecht -10 an am Dag 4, 5 Grad iwwer Null gëtt, an dann och nach Sonn, dann entstinn Temperaturen vu 15 bis 20 Grad ënner deenen Zelter, an dann an der Nuecht falen Temperaturen, an dat ass guer net gutt, déi Temperaturschwankungen sinn dann extrem.

Jeannot Lacour -) Planzen zoudecken

Sauna am Dag, Frigo an der Nuecht, dat muss net sinn. Et soll een och kucken dass déi mediterran Planzen op Plazen stinn wou den kalen Ostwand net u se kënnt, an dat gëllt och fir déi an engem Dëppen stinn.

Do muss ech gutt oppassen dass se dann emol hannerwands stinn, dat heescht d'Loft soll net direkt dru kommen, dann hunn ech schonn ganz vill erreecht. Ech soll d'Planz uewen net zoudecken, ech soll wierklech de Wuerzelballen, dat heescht d'Dëppen mat iergend eppes awéckelen, wat e bësschen isoléiert, fir dass natierlech de Frascht de Ballen net komplett zoumécht, dat heescht de Ballen ass komplett gefruer, t'kënnt kee Waasser méi drun. Meeschtens ass et esou d'Leit mengen d'Planz wier erfruer oder erkaalt, mee se ass erdiischtert, well de Wuerzelballen sou déif gefruer ass, a kee Waasser méi ophuele kann am Fong.

Jeannot Lacour - Planzen am Dëppen