
Wa mir d'Hoer verléieren ass dat schonn e grousse Problem, an et sicht een no den Ursaachen well dat jo net sou normal ass. Bei eisen Hausdéieren ass et meeschtens och en Zeechen op eng Krankheet an et gëllt erauszefannen firwat dat de Fall ass wann Pelz, Fiederen oder anere Schutz vun der Haut bemol massiv verluer geet. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth mat engem Beispill vun engem Frettchen dat bannent kuerzer Zäit plakeg war.
Mat 7 Joer hat d´Fretterchersweibchen Calimera schonn e gutt gefëllte Krankefichier . Well seng Meeschtesch hatt deemools net wollt kastréiere loossen, war d´Calimera mat zwee Joer an eng Dauer-Hëtzt komm. Dobäi gi weiblech Frettercher liewesgeféierlech anämesch, dat heescht bluttaarm, duerch eng sou genannt „Östrogenvergëftung“ vun de Stammzellen am Schankemuerch. No der Kastratioun, déi dunn hellewech a wéinst der butzeger Patientin hirer schwéierer Anemie mat héijem Risiko gemaach gouf, war emol eng Zäit Rou.
Bis déi kleng Knätzel och nach ACD erwëscht huet. Dee Kierzel steet fir "Adrenocortical Disease", eng bei kastréierte Frettercher heefeg Kränkt vun de Niewenieren, och nach "Cushing" genannt.
Anescht wéi bei de Leit, de Päerd an den Honn, kënnt dee Cushing bei de Frettercher duerch eng Iwwerproduktioun vun Ersatz-Sexualhormoner an de Niewenieren. Seng Meeschtesch hat et an d´Consultatioun bruecht, well dat aarmen Frettchen kee Still Pelzfliicht méi um Kierper hat, wat bal nëmmen duerch déi Krankheet ausgeléist gëtt. Well d´chirurgesch Therapie, eng oder déi zwou Niewenieren erauszeoperéieren hei net méiglech war, gouf d´Calimera mat enger chemescher Kastratiounssprëtz behandelt. Net ganz bëlleg, muss déi Therapie och all Joer widderholl ginn. Mee no e puer Wochen war de Pelz a voller Pruecht nees do an d´Calimera erëm fit.