Et misst op der Hand leien, dass een deen Dreck deen een selwer mécht och a seng eege Poubelle geheit. Leider ass dat awer net fir jiddereen normal. Déi eng geheien hiren Dreck kuerzerhand iwwer dem Fueren zur Autosfënster eraus, ënnert dem Motto fort ass fort. Dann gëtt et der ëmmer nees déi dem Noper seng Dreckskëscht benotzen wann engem seng eegen schonn voll ass, an dann gëtt et souguer eng drëtt Kategorie déi mengen d'Natur wier déi richteg Plaz fir de Sperrmüll, an kippen alles an de Bësch oder op d'Feld.

28/02/2023 Fro den Affekot: Dem Noper säin Dreck

Wat kann ech iwwerhaapt maachen, wann de Noper meng Poubelle mat senger verwiesselt?

"Dat ass de selwechte Prinzip, wéi wann de Noper säin Dreck net géif an d'Poubelle geheien. Dat heescht e mécht "Littering". Dofir ass en entweder vun der Gemeng aus strofbar, well do ass et souwisou verbueden. Mee dat kann awer och op d'Policegeriicht goen an do kann ee mol eng säfteg Strof kréien. En plus, elo wou d'Regierung d'lescht Joer e Pak vu Gesetzer an der "économie circulaire" adaptéiert huet an déi Strofen deck an d'Luucht gesat gi sinn. Et gëtt awer och nach eng véiert Kategorie, dat sinn déi Leit, déi d'Saachen nieft de Container stellen an d'Kraaft net hunn den Dreck an de Container ze geheien. Dofir ginn et och Strofen, mee och do gëtt et wéi sou oft, de Problem vum Beweis."

Wou ginn ech de Noper dann uschmieren, deen Ament?

"Ma ech kann en uschmiere bäi der Police. Virun e puer Wochen hat ech riets vun der Erweiderung vun de Kompetenze vun de Pecherten, déi dann och reegelméisseg kucke kommen an déi dat dann och op der Plaz kënne feststellen. Also dat Bescht ass ëmmer e "flagrant délit". Wann ech elo soen, hei deen do war dat, da seet deen, jo da beweis dat. An do gëtt et ee ganz flotte Beweis an dat ass natierlech eppes Schreckleches. Et hellt een den Dreck eraus, well oft verroden d'Leit sech selwer mat engem Extrait vun der Bank oder esou eppes, an da geet ee bäi d'Leit schellen an dréit hinnen den Dreck selwer zréck."

Wat mech och ëmmer rose mécht ass, wann ech deen Dreck laanscht d'Stroosse leie gesinn. Kann een dat do änlech maachen? Wann ech elo zum Beispill gesinn, dat dee viru mer säin Dreck aus der Fënster geheit?

"Do geet et jo relativ schnell, well do huet ee jo d'Plackennummer. Dat ass en "acte de civilité oder incivilité". Ech hunn e bësse Recherche gemaach. 103 Kilo däers Dreck pro Joer läit laanscht eis Nationalstroossen. 216 Kilo laanscht d'Autobunnen, dat muss een sech mol virstellen. Wie geheit deen Dreck dann do? Dir villäicht net, ech och net, mee dat ass dach onmoosseg. Do sinn d'Strofen awer och an deem Sënn an d'Luucht gesat ginn. Mee och do ass ëmmer de Problem vum Erwëschen. Mee et ass jo ëmmer een aneren an do muss een d'Leit och effektiv zur Verantwortung zéien. Mee de beschten Dreck ass nach ëmmer deen, dee guer net entsteet."

Jo dat ass wouer an ech mengen déi selwecht Strofen, déi laueren och, wann ee mengt et misst een seng Wäschmaschinn iergendwou an de Bësch féieren?
"Jo an do sinn d'Strofen och elo mam neie Gesetz an d'Luucht gaangen. An do ass net nëmmen d'Police, déi dat ka konstatéieren, mee och Douane an och de Fierschter. Mee och do kann een d'Leit identifizéieren, well op deene Maschinne si jo och Nummeren drop. Dat ass och wierklech dramatesch a wat ech och ëmmer spektakulär fannen, an dat gëtt et och am Ausland. Do ginn et esou Plazen, op deene steet, dat ee w.e.g. keen Dreck dohi leeë soll, mee et ass genau do, wou se en hi geheien. Dat Schëld ass dann esou eng Aart Invitatioun."