
© Patrick Greis
En international unerkannte Visagist, e Realisateur deen Hollywoodloft schnoffelt an en Dänzer vun engem vun de prestigiéisten Baler hei am Land. Mam Luca de Michele, Cyrus Neshvad an Nico Thielen waren direkt dräi Männer beim Dan Spogen am LIVE! planet people, déi quasi mat hire Leeschtungen iwwer sech erausgewuess sinn.

De Luca de Michele war als Make up Artist op der Fashion Week zu Paräis a New York. Hien huet sech domadder en Häerzenswonsch erfëllt. Speziell mat Paräis ass e groussen Dram an Erfëllung gaangen, well hien hei fir Dior am Asaz war an extrem vill Kontakter gesammelt huet.


De Regisseur Cyrus Neshvad kënnt vu Stonn zu Stonn dem Oscar ëmmer méi no. Mat "la valise rouge" huet hien all Chancen bei der 95ter Editioun vun den Oscaren Lëtzebuerg nees houfreg ze maachen. Beim traditionelle Luncheon am Hilton zu Beverly Hills huet de Regisseur vill bekannt Gesiichter vun Hollywood begéint, wéi den Tom Cruise, de Steven Spielberg oder d'Cate Blanchett, an elo kann hien just nach ofwaarden.


De Nico Thielen dierf haut am Cercle endlech nees um Wiener Ball danzen. D'Preparativen lafen zanter Wochen op Héichtouren an och beim Ufanksdanz gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. Déi jonk Koppelen trainéieren haart, fir dass och alles reusséiert, an d'Editioun 2023, wéi déi viregt ouni Faux pas a gudder Erënnerung bleift.

© Claudine Bosseler