
Och Leit, déi vill mat Kazen ze dinn hunn, wëssen oft net, dass déi mat de sametten Patten och Doftdrüsen hunn. Wa bei den Honn déi Säckelchersdrüsen, déi lénks a riets nieft dem Daarmausgang sëtzen, iwwerfëllt oder entzünt sinn, da fueren d´Muppe Schlitt,. Duerno maache se da vläicht och nach en Abcès, a ganz schlëmme Fäll esouguer eng béis Tumeur. Bei Kazen kommen déi Pathologien esou gutt wéi ni vir. An der Lescht hate mir elo awer eng richteg Serie dees Misär grad bei Kazen.
Dat muss deene wuertwiertlech propperen Déieren dann awer selwer och richteg penibel sinn. A wann déi Drüsen bei de Kaze krank sinn, dann huet dat, aner Ursaachen wéi bei den Honn.
Den Archibald, d'Léonie, d'Pandora an de Lou, déi alleguer dowéinst an de leschte Woche virgestallt goufen, haten entweder Iwwergewiicht a méi speziell, wéi mam Ultraschall konnt diagnostizéiert ginn, carrement Fettbommelen tëscht dem Daarm an deene Drüsesäckelcher, esou dass de Stull se net méi konnt ausdrécken. Meeschtens hunn donieft d'Zänn se esou kujenéiert, dass déi geplote Kazen dowéinst ugefaange hunn, sech iwwerall ze vill ze botzen. Mam Lecken a Knabbelen koumen dunn och Karieskeimer un d'Doftdrüsen déi se infizéiert hunn. Mat Medikamenter géint d'Entzündung, Antibiotikken a strenge Regimeprogrammer konnt deene Kazen hire Südpol nees an d'Rei bruecht ginn.