
© Pixabay
Wa Päerdsfleesch als Rëndfleesch ausgi gëtt oder d‘Kanner krank ginn well se Iwwerraschungseeër giess hunn dann ass dat net optimal.
Ma wéi ginn esou Saachen iwwerhaapt festgestallt an iwwerpréift?
De Patrick Hau vun der Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire (ALVA) ass Expert fir Liewensmëttelsécherheet.
Et huet ee vläicht d‘Gefill dass et an de leschte Joren méi Fäll vu Veronrengegung gouf. Firwat ass dat esou?
Patrick Hau: "Ech denken dass viru laanger Zäit, also ier déi grouss Krise waren (d'Dioxin-Kris an d'BSE-Kris), einfach net esou vill Saachen eraus koumen well och net esou vill Kontrolle waren a well d'Responsabilitéiten net esou definéiert ware wéi haut. Et muss ee scho gesinn dass zanter Ugangs 2000er Joren e richtege Paradigmewiessel geschitt ass. D'Responsabilitéite si genau definéiert an d'Betriber maache méi eege Kontrollen an d'Autoritéite maachen och vill méi Kontrolle wéi dat bis elo war."
Ma ouni internationalen Austausch géing d‘Liewensmëtteliwwerwaachung net esou gutt funktionéieren.
Patrick Hau: "Dat kënne mir just feststelle well déi Iwwerwaachung an all den europäesche Memberstaaten op déi nämmlecht Aart a Weis gemaach gëtt a well déi Donnéeën déi do eraus kommen och gedeelt ginn ënnert den Autoritéiten. Sou kënnt dann eraus dass déi nämmlecht Salmonell an Däitschland, Frankräich an der Belsch opgedaucht ass. Do muss dann iergendwou eppes Gemeinsames sinn, soss léisst sech dat jo net erklären."
D‘ALVA huet och den Iwwerbléck doriwwer wou wat hir kënnt.
Patrick Hau: "T'ass esou dass mëttlerweil alleguerten d'Liewensmëttelbetriber d'Obligatioun vun der Réck-Verfolgung hunn. Dat heescht dass all Betrib muss kënne soen wéi ee Produit dass e wou geliwwert huet an och wéi eng Inhaltsstoffer dass e vu wou kritt huet. An iwwer dee Wee gi mir dann och gewuer, zum Beispill vun den däitsche Kolleegen iwwer den europäesche Schnellwarnsystem: "Mir hunn elo eng Kontroll gemaach, do ass dat an dat fonnt ginn. Dee Produit ass och op Lëtzebuerg verkaf ginn an deen an deen Supermarché." An dat erlaabt eis dann ganz cibléiert Réckgrëff ze maachen fir déi Saache vum Maart ze zéien."
A wéi gëtt dann entscheet wat kontrolléiert gëtt?
Patrick Hau: "Et kann net all Produit kontrolléiert ginn, deen am Supermarché läit. Mee vu dass mir jo wëssen, als Verwaltung, wou d'Gefore sinn kënne mir jo cibléiert Kontrolle maachen."
Wien a Saache Liewensmëttelsécherheet um Courant wëll bléiwen, kann sech op der Internetsäit vun der Securité Alimentaire an de Newsletter aschreiwen oder d'Facebook-Säit LUX FOOD ALERTS abonéieren.