
Vun näischt kënnt näischt, an et kann een seng Hauskaz och net a Watt apaken. Mä wann ee just d'Resultat gesäit erféiert een dacks, a moolt sech schlëmm Saachen aus, an eis Déierendoktesch kann e Liddchen dovunner sangen. Wéi dem Yvette säi Meeschter hatt an d´Praxis bruecht huet, war scho vu wäitem ze gesinn, firwat de Mann um Telefon esou entsat war, Romi Roth.
Déi wonnerschéin donkelgro Perserkaz hat iwwert de ganze Kierper verdeelt, virun allem iwwert sengen Aen, hannert den Ouerläffelen an iwwert der Krupp, just virum Schwanz grouss, plakeg Plazen mat déck-kuuschtegen, bluddege Rëff, déi och schonn e bëssen gëeetert hunn. Den Diagnostik war séier gemaach, wéi mir tëscht de Fliichten ronderëm déi Plazen esou louche kleng däischterbrong Grimmelcher gesinn haten. D´Yvette hat Fléi an net ze knapps an déi Grimmelcher waren deenen hiert Verdauungsresultat.
Esou Fléi féieren dach awer net ëmmer zu engem bluddegen Ekzema?
Nëmme wann d´Kaz oder den Hond, bei deem iwwregens Kazefléi och méi heefeg virkomme wéi den Honnsflou, allergesch drop sinn. Méi genee, op Protein aus dem Spaut vun de Bluttsëffer. D´Yvette gouf dunn emol séier mat engem Produit behandelt, deen d´Fléi verdillege sollt. Géint d´Allergie an déi entzünte Wonne krut et en 'Antihistamin' an en Antibiotik. Kazefléi bleiwe mat hiren Eeër a Larven iwwert e Joer tëscht Teppechfliichten a Buedemsplécken fit a prett fir de nächste Snack aus Kazen-, Hond- oder och gär emol Mënscheblutt. Dowéinst muss koherent a konsequent weider therapéiert ginn. Am Yvette sengem Fall heescht dat, dass och déi dräi aner Perserkazen aus dem Stot, déi net allergesch sinn, mee bei der Kontroll vun hirem Pelz awer och strubbelvoll voller Fléi waren, fir all Mount matzebehandele si wäerten.