
© Pixabay
Eng schéi waarm Dusch ass bal eppes wéi Balsam fir d'Séil. Mä wéi dacks soll een eigentlech duschen, a kann een et domat och iwwerdreiwen? Eng Fro fir de Joseph Rodesch aka Mr Science!
Och wann et net allze vill Studien zu dësem Theema gëtt, schwätzt dach villes dofir, net all Dag ze duschen. Dat heescht natierlech net, dass ee sech net wäsche soll. D’Gesiicht, d’Aarmkaulen an den Intimberäich mussen all Dag „inspizéiert“ ginn. Mee dofir ginn e fiichte Läppchen an eng duuss Seef duer. Eng „grouss Botz“ zwee- bis dräimol d’Woch, soen Hautdokteren, géif fir déi meescht Leit déck duergoen an dat wier och gutt fir d’Haut.
Scho Mëtt den 1980er-Joren hunn Experimenter gewisen, dass sech de „Saierschutzmantel“ – wéi een den natierleche pH-Wäert vun der Haut nennt – esouguer no vill Wäsche mat Seef relativ séier regeneréiert. Wann d’Haut gesond ass, dauert et normalerweis eng Stonn. Zoustänneg dofir si verschidden Drüsen an der Haut, déi Fett a Schweess ausscheeden. Heiraus bilt sech eng liicht sauer Mëschung, déi „gudde“ Bakterien en ideale Liewensraum bitt. Zesumme mam Saierschutzmantel geet dëse Mix géint schiedlech Bakterien op der Haut vir.
Mat ze vill waarmem Waasser a Seef oder Duschgel wäsche mir net just den Dreck ewech. Mir spullen och eis butzeg Alliéiert an den Offloss. Doduerch gëtt eis Ofwier massiv gestéiert. Och wäsche mir op dës Manéier verschidde Stoffer vun eiser Haut, zum Beispill vum Kierper produzéiert Fetter, déi essentiell fir d’Ofwierfunktioun vun der Haut sinn. Well se sinn och ganz effikass, wann et drëms geet, Bakterien ze zerstéieren, déi krank maache kënnen. Awer just wann de pH-Wäert stëmmt. Deemno brénge mir dësen empfindlechn Equiliber zimlech duercherneen, wa mir all Dag an d’Dusch ginn. An dat ka sech a Form vun dréchener Haut rächen, déi zousätzlech villäicht och nach bäisst. D’Bäissen ass virun allem desagreabel, mee wann d’Haut ze dréchen ass, da ka se och baschten, wat Bakterien an Allergeenen d’Dier opmécht. Dëst kann dann nees zu Hautkrankheeten oder allergesche Reaktioune féieren.
Et spillt natierlech eng Roll, wéi waarm een duscht, wéi eng Seef ee benotzt a wéi vill dovun. Wéi gutt eis Haut verschidden Aflëss ewéi Duschen „ewechstécht“, hänkt awer och ëmmer vum individuellen Hauttyp of. Eng Studie huet zum Beispill gewisen, dass d’Haut vu Leit mat engem sauere pH-Wäert ënner 5 besser Fiichtegkeet späichert a manner dozou tendéiert, sech ze schielen. Probande mat engem Haut-pH-Wäert iwwer 5 kréien éischter dréchen Haut. Wéi sauer eis Haut ass, hänkt engersäits vu banneschte Faktoren ewéi de Geenen, dem Geschlecht an dem Alter of. Anerersäits spillen awer och baussecht Faktoren eng Roll. Wéi dacks wäsche mir eis? A mat wat? A mat wéi enge Chemikalien oder Ëmweltgëfter komme mir a Kontakt? Krankheeten ewéi Neurodermitis kënnen awer och de pH-Wäert vun der Haut beaflossen. Esou Erkenntnisser ginn der Wëssenschaft nei Usätz, d’Haut als eist gréisst Organ nach besser ze verstoen an hir Gesondheet ze fërderen. An dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)
======================================================================================================
Textbox:
Eist erstaunlecht Kleed
Si ass net just dat gréisst a schwéierst, mee och eent vun deene villsäitegsten Organer vun eisem Kierper: d’Haut. Jee nodeem ewéi héich – a breet – mir gewuess sinn, kleede mir eis an 1,5 bis 2 Quadratmeter Haut. Zesumme mat dem Fett an der Subcutis (Ënnerhaut) ka se ronn 15 Kilogramm weien.
Gutt 100 Milliarden Zelle leeschten hei hiren Déngscht – dovun zirka 10 Milliounen Nervenzellen. Op all Stéck Haut, dat esou grouss ewéi en Daumennol ass, sinn et der ronn 500. Si registréiere Wäermt, Keelt a mechanesch Reizer. Eleng wann een engem d’Hand gëtt, ginn zirka 1.500 drocksensibel Nervenzelle stimuléiert. „Verkabelt“ ass dat alles mat ronn 80 Kilometer Nervefaseren a gëtt iwwer knapp 20 Kilometer Bluttgefäässer versuergt. Duerch si fléisst zirka en hallwe Liter Blutt an der Minutt – wa mir am Roumodus sinn. Plot eis d’Hëtzt, schéissen all Minutt ronn dräi Liter Blutt duerch d’Versuergungsleitunge vun eiser Haut.
Wa mir eis richteg ustrengen, kënnen aus zirka zwou Millioune Schweessdrüse bis zu 18 Liter vum kierpereegene Killwaasser pro Dag fléissen. Am Normalmodus sinn et ëmmerhin nach 800 Milliliter.
D’Epidermis (Uewerhaut) ass 0,05 bis 0,1 Millimeter déck – un den Handflächen zirka en hallwe Millimeter an ënnert de Fousssuelen esouguer méi ewéi ee Millimeter. Am meeschten deele sech d’Hautzellen tëschent 8 an 10 Auer moies. 12 Stonne méi spéit huet d’Zelldeelung hire Minimum erreecht. D’Liewensdauer vun enger Epidermis-Zell läit bei 20 bis 30 Deeg. Stierwe se of, da léise se sech als kleng Schuppe vun der Haut. Mir verléiere ronn 10 Gramm vun dëse Schuppen den Dag – dat sinn 3,6 Kilogramm d’Joer a quasi 275 Kilogramm am Laf vun engem laange Liewen.
Infobox: Quellen
https://www.quarks.de/gesundheit/warum-du-besser-mal-auf-eine-dusche-verzichtest/
Hans Pösl, Carl Georg Schirren: Beeinflussung des pH-Wertes der Hautoberfläche durch Seifen, Waschmittel und synthetische Detergentien. In: Der Hautarzt. Band 17, 1986, S. 37–40.
https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/20285130/
Aspekte der Hautverträglichkeit, des Hautschutzes und der Hautpflege. Epidemiologisches Bulletin Nr. 18, Robert Koch-Institut, 4. Mai 2015; abgerufen am 20. Dezember 2019
https://onlinelibrary.wiley.com/doi/abs/10.1111/j.1467-2494.2006.00344.x
https://www.eucerin.de/beratung/die-haut-grundlagen/ph-wert-der-haut
Schaal, Steffen (2016): Der Mensch in Zahlen. Eine Datensammlung in Tabellen mit über 20000 Einzelwerten. 4., vollst. überarb. u. erg. Aufl. 2016. Berlin, Heidelberg: Springer Spektrum (SpringerLink Bücher).