Motorsport op zwou komplett ënnerschiddlech Manéieren a Béierwëssen waren d'Themen iwwer déi den Dan Spogen gëschter mat sengen Talkgäscht Lea Mauer, Mike Kettmann a Ralph Schmitt geschwat huet.

25/03/2023 Live Planet People
RTL

De Mike Kettmann sëtzt gär a sengem Schrottauto a fiert reegelméisseg beim 'Carbage Run' mat. Et geet drëms, fir mat engem Auto deen am Wäert net iwwer 500.- Euro kënnt, ganz unzekommen. Gefuer gëtt iwwer normal Stroossen, ënnerwee muss een Aufgaben léisen a Punkte sammelen. D'Iddi koum 2009 an Holland op an zanterhier gouf et 30 Editiounen duerch 30 Länner.

Mike Kettmann
RTL
RTL

D'Lea Mauer ass privat a berufflech mam Gary Hauser verbonnen an allebéid weise si vill Gefill mat der Gaspedal. D'Léift zum Rennsport koum fir d'Lea eréischt wéi déi zwee sech kennegeléiert hunn. Wéi Nout um Mann war huet et déi éischt virsiichteg Schrëtt am Rennsport gemaach, an elo deelen déi zwee och heiansdo e Cockpit mateneen.

Lea Mauer - Gary Hauser
RTL
RTL

De Ralph Schmitt ass net just frou mam Béier, als Béiersommelier kennt en sech och richteg aus a braut säin eegene Béier 'De Bettener'. No der Hotelschoul huet et hien zesummen mat senger haiteger Fra fir 5 Joer op München gezunn wou hien am "Augustiner Stammhaus" als Gérant geschafft huet. Elo ass hien selwer en diploméierten Béiersommelier dee sech auskennt mat Béiersensorik, Béierkultur a Béierstil.

Ralph Schmitt
RTL