
© pixabay.com
Ugefaangen huet alles viru 16 Joer an dat op där anerer Säit vun eisem Planéit. Den 31. Mäerz 2007 hunn zu Sydney méi wéi 2,2 Milliounen australesch Stéit bei der deemools éischter Earth Hour, déi vun der WWF an d'Liewe geruff gouf, matgemaach an doheem d'Luuchte fir eng Stonn ausgemaach. Och d'Sydney Harbour Bridge an d'Opera House ware wärend enger Stonn däischter. An Tëschenzäit ass d'Earth Hour déi gréisst global Klima- und Ëmweltschutzaktioun weltwäit.
Dëse Samschdeg ass et un der 16. Editioun vun der Earth Hour, an dat ënnert dem Motto "Zesumme fir méi Klimaschutz". Hei geet et drëms, fir zesummen en Zeechen ze setzen. Zil ass et op d'Gefore vum Klimawandel opmierksam ze maachen an d'Leit dorobber ze sensibiliséieren, dass et wichteg ass ze handelen.
Mee wat bréngt d'Earth Hour dem Klima? Eng Stonn d'Luuchten ausmaache spuert dach kaum Energie, oder?
Et geet bei der Earth Hour net drëms Energie ze spuere well een d'Luuchte wärend enger Stonn ausmécht. D'Earth Hour ass vill méi eng symbolesch a friddlech Protestaktioun. Dass wärend enger Stonn och Energie gespuert gëtt, dat ass e schéinen Nieweneffekt. Ma et geet an éischter Linn dorëms, dass jiddereen dee matmécht, däitlech mécht, dass e vun der Politik an der Wirtschaft méi Asaz fir d'Ëmwelt an d'Klima fuerdert.
Brauch een dann net nach méi Energie fir déi ganz Beliichtung no enger Stonn nees unzeschalten?
Nee. Viru laanger Zäit hunn al déi fluoreszent Tübe beim Umaache sou vill Energie verbraucht wéi 30 Minutten volle Betrib. Modern Luuchten hunn dësen Effekt awer net. Haut hunn déi Tüben zwar nach ëmmer sou e "Starter" dee beim Umaachen an Opflackeren déi fënneffach Quantitéit un Energie ophuele kann, mee dat geet ganz séier. Souguer bei extrem aler Beliichtung géing d'Umaachen haut nëmmen d'Hallschent vun der Energie verbrauchen déi duerch 1 Stonn Däischtert agespuert gouf. Deemno spuert een definitiv Stroum wann een d'Luucht ausmécht. Dat soll deemno keng Excuse sinn.
Verschidde Leit froe sech da vläicht och, ob een net riskéiert, dass d'Stroumnetzer zesummebriechen, wann esou vill Leit am selwechte Moment d'Luuchten aus respektiv nees umaachen. Bis dato gouf et nach ni e Problem mat der Stroumversuergung wéinst der Earth Hour. Dass d'Stroumnetzer zesummebriechen, ass schonn eleng dowéinst onwarscheinlech, dass wa souguer e puer Millioune Leit matmaachen, de Réckgang vum Stroumverbrauch relativ geréng ass. Mëttlerweil maachen d'Leit op der ganzer Welt op deem Dag um 20:30 Auer, Lokalzäit, d'Luuchten aus.
Wéi ass et dann hei am Land?
Hei am Land ginn et dann och all Joer Initiativen am Kader vun der Earth Hour. Dëst Joer sinn et zum Beispill d'Jugendherberge an der Stad an zu Esch-Uelzecht déi an hirem Restaurant en Earth Hour Candle Light Dinner organiséieren.
Och Dir kënnt en Zeeche setzen andeems Dir dëse Samschdeg (25.03.) um 20:30 Auer fir eng Stonn d'Luuchte bei Iech doheem ausmaacht.