
© Jean-Marc Turmes
D'Justizministesch Sam Tanson erkläert, wat iwwerhaapt den Ament d'Gesetzeslag hei am Grand-Duché ass.
Sam Tanson: "Mir hunn ee Gesetz vu 1992 wat "protection de la jeunesse" heescht an do falen drënner: souwuel Kanner déi schutzbedierfteg sinn wéi och Kanner déi eng Strofdot begaangen hunn. Do gëtt net eng Nuance gemaach tëschent engem Zwielefjäregen an engem Dräizéngjäregen. Do ass et esou dass de Riichter kann d'Decisioun huelen e Mineur deen eng Strofdot begaangen huet z.B. an d'UNISEC ze placéieren, an dann gëtt dat ëmmer erëm reevaluéiert a gekuckt fir wéi laang dass déi Mesure da soll gëllen. Do kënne natierlech och aner Mesurë geholl ginn, dat läit dann an der Appreciatioun vum Riichter, en fonction vun de Faiten déi passéiert sinn a vun de Faiten ronderem."
Duerch Obligatiounen, och duerch international Engagementer, wäert awer an Zukunft e Mindestalter an d‘Gesetz stoe kommen.
Den UNO Kannerrechtscomité recommandéiert en Alter vun 14 Joer, oder souguer driwwer: 15, 16 Joer.
Sam Tanson: "Dat war och dat wat mir an enger éischter Phas vum Text virgesinn haten, mir hunn awer vun den Autorités judiciaires e ganz konsistenten Avis krut mat ganz ville Remarken, wou mer eng Rëtsch Remarken iwwerholl hunn, a notamment beim Mindestalter haten si grouss Bedenken dass mir géinge bei deem Alter bleiwen. Si hu gefrot dass mir géingen domat erof goen, an dofir hunn ech elo an den Amendementer den Alter vun 13 Joer proposéiert."
Dat heescht awer net dass ee mat 13 Joer wäert genee d‘nämmlecht behandelt ginn wéi en Erwuessenen.
Sam Tanson: "Ab deem Alter vun 13 Joer spillt dann eng ganz eege Prozedur, déi ugedockt ass un d'Erwuessenestrofrecht, wou awer aner Strofe virgesi sinn, déi net esou héich si wéi bei den Erwuessenen. An ënnert dem Alter vun 13 Joer spillt da réng d'Schutzprozedur wou da just Schutzmoossname kënne geholl ginn, déi awer och kënne sinn dass d'Kand aus der Famill eraus geholl gëtt, dass et placéiert gëtt etc., sou wéi dat am Moment an Däitschland schonn ass."