An der Serië-Welt gëtt et en neien Trend: ëmmer méi Videospiller ginn zu Serië gemaach, ee Beispill ass "The Last of Us" vun HBO, déi an de leschte Wochen e rise Succès hat.

24/03/2023 Série iwwer Sérien

"The Last of Us" ass eng HBO-Produktioun, déi een op Sky kucke kann, an déi mat der leschter Episod Rekorder gebrach huet: 8,2 Millioune Leit souzen an den USA d'Finall vun der éischter Staffel virun der Tëlee - en neie Rekord - an dat obwuel do zäitgläich d'Oscaren iwwerreecht goufen. Allgemeng hat "The Last of Us" och den zweetbeschte Start vun enger HBO-Serie, dat direkt no "House of the Dragon". Zwou weider Staffele sinn och scho geplangt.

Deen immense Succès ass och absolut berechtegt, well d'Serie wierklech fantastesch ass.

Mä ëm wat geet et genee? Kuckt hei den Trailer:

Et ass e post-apokalypteschen Drama an et gouf eng schlëmm Pandemie, déi net vu Viren oder Bakterien ausgeléist gouf, mä vu Pilzen, déi duerch de Klimawandel mutéiert sinn an elo och d'Mënschen attackéieren an zu Zombie-aartege Wiese maachen. D'Serie spillt awer 20 Joer duerno an de Schmuggler Joel, gespillt vum Pedro Pascal, deen een ënnert anerem als Javier Pena aus "Narcos" kennt, muss e speziellt 14-järegt Meedchen aus der Quarantän-Zon an de Weste vun den USA bréngen. Dir kënnt iech schonn denken, datt net alles riicht leeft an déi zwee vill Hindernisser iwwerwanne mussen. Mir sinn hei awer net am Action-Genre an et ginn net just Pilz-Zombien ofgeknallt, nee, d'Serie ass brilliant geschriwwen a mir entdecken déi Welt, an där déi modern Zivilisatioun zerstéiert ass, aus verschiddene Perspektiven. Net nëmmen de Pedro Pascal, ëm deen elo e risen Hype entstanen ass, iwwerzeegt, mä och d'Bella Ramsey, dat dat jonkt Meedchen interpretéiert a vill Serië-Fanen aus "Game of Thrones" an der Roll vum Lyanna Mormont bekannt ass. D'Evolutioun vun der Bezéiung tëscht den zwee Haaptpersonnagë steet am Fokus a suergt fir emotional Déift.

"The Last of Us" ass awer sécher net dat eenzegt Videospill, dat mir an den nächste Méint an der Serië-Welt fanne wäerten. Virun allem Netflix gesäit do grousst Potential a si kafen eng Lizenz no där anerer. Anscheinend wëlle si e ganzt Assassins’Creed Universum opbauen.

Mä genéisst lo mol "The Last of Us". Vill Spaass beim Kucken.