Mir hu jo haut schonn dat eent oder anert héieren iwwer de Fall am däitsche Freudenberg wou e Meedche vun 12 Joer warscheinlech vun engem 12-, an engem 13järege Meedchen ëmbruecht ginn ass. Elo stelle mer eis dann d‘Fro: wann esou e Fall hei am Land géing virkommen, wat géing da geschéien?

24/03/2023 De Fall Freudenberg: wéi wär den Oflaf zu Lëtzebuerg? Deel 1

D‘Simone Flammang ass Premier avocat général, si huet eis d‘Prozedur Schrëtt fir Schrëtt erkläert. Als éischt wier natierlech d‘Police op der Plaz.
Simone Flammang: "Well eng Läich fonnt ginn ass, well et no engem Gewaltverbriechen ausgesäit. An d'Police géing dann natierlech de Parquet a Kenntnis setzen, deen da misst Decisiounen huele wéi et mat där Enquête do virugeet."

Dorops hin lafen 2 Saachen un: engersäits muss d‘Strofdot opgekläert ginn.
Simone Flammang: "An dofir géing de Staatsanwalt héchstwarscheinlech dann den Untersuchungsriichter saiséieren fir eng Instruktioun opzemaachen. Firwat? Ma well mir eng ganz Rei Devoire brauchen fir d'Opklärung vun där Strofdot. Et misst eng Autopsie gemaach ginn, mir bräichten Expertisen, d'Enquête misst vun der Police weider gefouert ginn mat Zeien, déi ze héiere sinn, et misst een och kucken: ass net eventuell nach en Erwuessenen do hannendrun, waren et effektiv déi zwou ganz jonk Täterinnen?"

Anersäits stellt sech d‘Fro: wat geschitt mat deenen 2 presuméierten Täterinnen? Als alleréischt muss natierlech sécher gestallt ginn dass si keng Gefor méi kënnen duerstellen an dass och si selwer a Sécherheet sinn.
Simone Flammang: "An dat wär an dësem Fall ganz kloer eng geschlosse Struktur. Ech denken dobäi natierlech un d'UNISEC, déi spezialiséiert ass ebe fir Mannerjäreger opzehuelen, déi Strofdote gemaach hunn. Et kéim awer och a Fro, eventuell: eng geschlosse Psychiatrie."

Déi Moossnam muss duerno ëmmer erëm vum zoustännege Jugendriichter evaluéiert ginn. Deen hëlt seng Entscheedungen opgrond vun zousätzlechen Informatiounen.
Simone Flammang: "E géing dann engersäits de S.C.A.S. chargéieren, de Service Central d'Assistance Sociale, mat enger Enquête sociale iwwer dat detailléiert Ëmfeld vun deene Meedercher: A wéi enger Famill liewe se? A wéi enge soziale Situatioune liewe se? Wéi ass et schoulesch? Läit eventuell do e Problem an deene verschiddene Beräicher vir? E géing warscheinlech och e Pedopsychiater beoptragen fir eng detailléiert Evaluatioun vum mentalen Zoustand vun deenen zwee jonke Meedercher ze maache fir esou vill wéi méiglech Informatiounen ze kréien eben och iwwer den Hannergrond: wéi konnt et zu esou enger schlëmmer Dot kommen?"

Wann den Untersuchungsriichter da seng Enquête ofgeschloss huet, an där et drëms geet d‘Strofdot opzeklären, da gëtt de Parquet den Dossier bei d‘Jugendgeriicht.