T‘ass endlech esou wäit: de Beetebuerger Park mécht seng Diere nees op!

25/03/2023 Beetebuerger Park

"Mir hu beim Ruth Herber vum Parc Merveilleux nogefrot wat et alles Neits gëtt.
Ënner anerem: Kabaisercher!
Ruth Herber: "T'gëtt am Ganzen 11 Kabaisercher am Süde vum Land. Dat ass alles am Kader vun Esch2022 entstanen. An eent vun deene Kabaisercher ass dann am Beetebuerger Park an der aler Entrée. Dat heescht do kann eng Famill (2 Erwuessener, 2 Kanner) ouni Problemer iwwernuechten an dann Moies direkt an de Park goen. Ganz flott fir d'Kanner ass dass ee bis an d'Spëtzt vum Tuerm kann erop klammen, also iwwer 4 oder 5 Etage kann een erop klammen. An dann huet ee natierlech eng super Vue iwwer de ganze Park."

RTL

© Parc Merveilleux

Hannert de Kabaisercher ass och en neit Märchen: „De Renert“. Dat kann een also kucken iert een de Wee erop bei de Park geet.
Et gëtt och en neien Aquarium mat Mierwaasser, a nawell kee klengen: 9000 Liter passen do eran. Bannen dran: Feierfësch!
Ruth Herber: "Si hunn eng schéin orange Faarf, an si hunn Broschtflossen an och Broschtflossestachelen, wat ee net esou dacks gesäit bei de Fësch, sou dass se am Fong ganz witzeg ausgesinn wann een se schwamme gesäit:"

Am Déiereräich gëtt et och Zouwuess vun de Philippinnen!
Ruth Herber: "Mir hunn elo Vizaya-Mähnenschweine. Di si ganz witzeg a si hunn eng ganz laang, spëtz Nues. Di hu mer elo am Wanter krut an si hunn och e neit Gehege kritt direkt vis-à-vis vum Ris."

Och den edukative Volet spillt ëmmer nach eng grouss Roll am Beetebuerger Park.
Ruth Herber: "D'Iddi hannert der Zooschoul ass, dass mir Educateuren hunn, déi Schoulklasse kënnen empfänken, wou d'Klassen da verschidden Themaen auswiele kënne fir hir Kanner. Wéi z.B. Pinguinen, Nagetiere, oder de Bësch. Si kommen dann heihinner a kréien gezielt op dee Workshop, deen se sech ausgesicht hunn, Infoen. Si kënnen och bei d'Déiere goen."

RTL

© Parc Merveilleux

Gëtt et do dann och eppes z‘iessen an ze drénken?
Ruth Herber: "Do ginn et bei eis vill Plazen! Eemol e Restaurant, do gëtt et natierlech dann Lëtzebuerger Kascht an och aner schéi Menüen. Fir déi Leit, déi net esou vill Zäit wëlle beim Iesse verbréngen, hu mer en Self-Service wou et dann och ëmmer e Menu du jour gëtt an kleng Snacken. An dann hu mer d'Cafeteria. Déi ass direkt niewent den Spillplazen, do wäerte mir dëst Joer och kléng Snacken ubidden. Och nei hu mer do Pizzaen. D'Eltere kënnen sech dann do sëtzen, gemittlech eppes iessen, an d'Kanner kënne niewendru spillen. Dat fanne mir eng flott Kombinatioun. An dann hu mer och uewen am Bësch nach eng Buvette, wou och een och Klengegkeete fir z'iesse ka kafen."

De Beetebuerger Park ass all Dag vun 9h30 bis 19h op, d‘Keese maachen um 18h zou.
All Infoen fannt Dir och op