
© pixabay.com
Virun enger Woch ass de World Happiness Report vun dësem Joer erauskomm, iwwert deen hate mir jo och de leschte Méinden hei kuerz geschwat. Mir wollten iech awer och froe firwat dir mengt datt Lëtzebuerg an dësem Rapport op enger gudder 9. Plaz läit?
Endlech Fréijoer - op d'mannst mol um Kalenner - sidd dir frou?
Laut neistem World Happiness Rapport si mir Lëtzebuerger jo nawell glécklech - och wa mir gëschter Owend 6-0 verluer hunn, mä u sech si mir ganz glécklech
Wouru läit et? Mir hunn di Fro mol raus mat op d'Strooss geholl
CUT
Schéi gesot - dann hoffe mir, dass dat och fir di meeschten aner Leit gëllt, a net just fir deen Här
Ee Mann deen haut bestëmmt och frou ass, ass de Quentin Tarantino - de Kult-Regisseur gëtt haut 60 Joer al - en Thema fir eis, am RTL Nomëtte - no Musek vun ... an ...