Haut a muer ass an der Coque de "Relais pour la vie", wou sech wärend 24 Stonnen beweegt gëtt an vill Tier gedréit ginn fir en Zeechen ze setzen. De Kriibs begleet d'Patienten Dag a Nuecht, an an deem Kontext ass de "Relais pour la Vie" an d'Liewen geruff ginn, fir wärend 24 Stonnen ze weisen dass een Kriibspatienten oder Leit déi de Kriibs iwwerwonnen hunn, ënnerstëtzt. Dass Beweegung allgemeng wichteg ass fir eis Gesondheet, weess och den Dokter Marc Keipes, den Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare.

25/03/2023 Gesondheetstipp

Dass Mangel un Beweegung verschidden Kriibszorten fërdert ass gewosst. Dass méi intensiven Sport Broschtkriibs verhënnert oder zréckhält, gëtt an dëser Studie mat 130.000 Fraen nach emol bewisen. Beweegung gouf mat Hëllef vun engem Fitnesstracker objektiv gemooss. Och d'Genetik gouf ënnersicht. Genen déi fir Sedentaritéit, also de Mangel fir Loscht um Sport bekannt sinn, hunn zu méi Risiko fir Broschtkriibs gefouert. Genen déi associéiert sinn mam Hang zur Beweegung haten eng Reduktioun zum Risiko zur Folleg.

Dr Marc Keipes - Broschtkriibspreventioun

D'Ursaach, firwat reegelméisseg Beweegung net z'ënnerschätzen ass, schéngt festzestoen, an et dierft een vun de wichtegsten Schlësselen vun eiser Gesondheet ze sinn.

De Link zur Kausalitéit schéngt iwwer d'Gewiicht, also Obesitéit, Stoffwiesselproblemer, wéi metabolescht Syndrom mat Zockerkrankheet, verschiddenen Sexualhormonen an Entzündungswäerter gekoppelt. De gudde Rot. Op d'mannst 3x 1 Stonn Sport d'Woch bréngt also net nëmmen manner Häerzinfarkter an Hiereschlag mä och manner Broschtkriibs.

Dr Marc Keipes - Beweegung hëlleft