
Et ass nëmmen ze verständlech, dass een heiansdo de Wee bei den Déierendokter scheit, well een sech schonn ausmole kann wat engem do blitt a mat wéi enge Wourechten een konfrontéiert gëtt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut sou e Kandidat derbäi wou seng Meeschteren sech och schonn keng allzegrouss Hoffnungen méi gemaach hunn.
Déi Nuecht virum Termin fir dem Kätty seng Zänn an d´Rei ze bréngen, huet déi ganz Équipe vun der Praxis schlecht geschlof. Wat doru louch, dass de klenge Yorkie Terrier knapps ee ganze Kilo op d´Wo bréngt, eng schwéier Häerzklappekränkt huet an schonn 25 Joer al ass. An, dass Zännmedezin bei Honn, Kazen an anerem klenge Gedéiesch net geet ouni op d´mannst eng liicht Anästhesie. Virun e puer Deeg war d´Kättchen mat enger grousser Knupp ënnert engem A an d´Consultatioun bruecht ginn. Seng Leit haten un eng béis Tumeur geduecht a sech schonn drop agestallt, den ale Mippchen dowéinst aschléiferen ze loossen.
Wat bei engem Mippchen vu 25 Joer jo deen Ament och net vu Muttwëll gewiescht wier
Wéi dunn awer iwwer d´Röntgenënnersichung kloer gouf, datt et en Abcès vun enger Bakzantwuerzel war, dee sech op déi Manéier ënnert d´A de liichtste Wee gesicht hat, war dem Kätty seng Meeschtesch op eemol guer net méi fir d´Euthanasie.
No engem groussen Oldie-Checkup fir de Risiko bei der Anästhesie ze geréieren, gouf dem ale Kättchen säin uergen Bakzant ënner liichter Vollnarkos mat lokaler Anästhesie ouni Komplikatioun gezunn. Der vitaler Zwergin hier Famill wëll et elo wëssen an leet et mat engem speziellen Antiaging-Protokoll drop un fir mat him a siwe Joer dem portugieseschen Superoldie Bobi säin Guinessrekord ze briechen.