
Et ass schonn interessant ze gesinn wéi bei der Gesondheet een Rad an dat anert gräift an alles zesummegehéiert. Wann een dëst an dat mécht dann klappt hei an do, a soubal een dat net méi mécht dann huet dat direkt Resultater déi ee sech net wënscht. Den Dokter Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare erkläert sech a gëtt e Beispill dat aliicht.
Oft kritt ee jo hei ze héieren wéi Beweegung, gesond Ernierung oder verschidden Medikamenter géint Cholesterol oder géint Bluttdrock eis Häerzkreeslafgesondheet positiv beaflossen. Hei kucke mer elo mol gären eng Kéier eng Schilddrüsenbehandlung an hiren Afloss op Häerzkreeslafmortalitéit. Dat eben well et eng nei Studie gëtt mat iwwer 70.000 Participanten. Dat ass dofir interessant well et och hei zu Lëtzebuerg 1 Fra vun 10 an 1 Mann vun 30 beschäftege misst.
Wann een elo héiert wat bei där Enquête zum Schluss erauskoum, dann ass dat frappant.
Dës Etüd schlussfolgert, dass en Iwwerschoss vun externem "Euthyrox" oder "Levothyroxine" no 4 Joer de Stierflechkeetsrisiko ëm 39% erop gesat huet. Am Fall vun persistéirendem Mangel vun deem Hormon ass den Stierfrisiko duerch Häerzkreeslaferkrankungen souguer ëm 167% eropgaangen. Dës Behandlungen sinn dacks op Liewenszäit. Am Ufank, bei der Astellung gëtt de Wäert an der Bluttanalyse och ëmmer nees gemooss, awer wat dat méi laang dauert, wat déi Behandlung méi laang leeft, wat manner kontrolléiert gëtt, an da kënnen sou Zoustänn och emol virkommen. Besser also op d'mannst 2 mol am Joer sech testen loossen.