Honn a Kaz sinn déi treisten Gesellen déi de Mënsch huet. Se sinn ëmmer do a suergen fir Distraktioun. Wann bei eisem Mupp oder der Mussi awer eppes net méi normal leeft, hëlt een dat séier en uecht, och wann ee vläicht net direkt weess wat lass ass a wou d'Ursaach leit. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut en net alldeegleche Fall um Praxisdësch.

De Schnurri ass ëmmer méi deierlech ginn. Seng Leit hunn de jonke Kueder an d´Praxis bruecht wéi hien nëmme méi am Wäschkuerf ënnert dem Lavabo, louch ze tompen. Hee  wollt bal net méi friessen an huet an engem Stéck ganz schro gehechelt . Seng soss gutt rosa Nues war ganz blatzeg ginn. Gesoff huet hien éischter méi wéi soss, a säi Pippi war an der wäisser Litière roudelzeg-brong. Seng Meeschtesch  hat en uerge Verdacht  well  eng vun de Nopeschkazen wéinst Kazen-Aids hat misse ageschléifert ginn.

Romi Roth - Problemer mat Zwiwwelen - Diagnos

Do hätt jo dann awer och vill bei dee Verdacht gepasst? Et ass dunn och direkt eng Bluttënnersichung op déi 3 grouss Virologie, Kazen-Aids (FIV), Leukos a Corona-FIP) gemaach ginn. D´Schnelltester waren awer all negativ. Nodeems  de Schnurri  um Käppchen a ronderëm den Hals ëmmer strubbelvoller Zecke war, ass och op d´Zeckekränkten gecheckt ginn, nees mat negative Resultater.

Ee Bluttausstréch ënnert dem Mikroskop, wéinst dem komeschen Urin, huet d´Diagnos bruecht: de Schnurri hat eng Anemie, wéi se ganz typesch ass fir d´Vergëftung mat alle méiglechen Zorten Zwiwwelplanzen. Seng Leit hunn dunn erzielt, well hien d´Reschter vun de Bébés-Glieser esou gär geleckt huet, hätt hien a leschter Zäit e puer där Dëppercher ënnert säi Friesse kritt. D´Zwiwwelpolver, dat a ville vun deene soss ganz gudde Fäerdegmenüen dran ass, geet awer duer fir eng mëttelgrouss Kaz vun 4 Kilo uerg an d´Laberenten ze bréngen. De Schnurri koum un de Baxter an huet fir zéng Deeg stationär misse behandelt ginn, iert hien erëm eenegermoossen op de Been war. Hee kritt elo nach just Fleesch, Fësch oder Gefligel nieft senge Béchsen a Krocketten.

Romi Roth - Problemer mat Zwiwwelen - Alternativ