
Wann een sech en Hausdéier uschaaft, wëll dëse Schrëtt gutt iwwerluecht sinn. Zum engen, well et e feste Member vun der Famill gëtt, deen all Dag seng Fleeg a léif Wieder brauch, zum aneren muss ee sech awer och iwwerleeën wou een säin Hausdéier hierkritt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Beispill wéi een et net soll maachen.
Ënnert dem Stull vu senger Meeschtesch an der Salle d'attente souz e butzege Huskie-Welpen, ziddreg ze brucken, an e komesche Gallem ze verbreeden. Virun e puer Deeg hat déi jonk Fra d´Déierchen bei engem belschen Händler kaaft. Ënnerwee fir heem hat ee missen bei der éischter Tankstell halen well dat klengt Nanook bluddegen Duerchfall hat. Um Telefon huet de Verkeefer gemengt, dat wier just wéinst dem Stress vum Fueren, guer net schlëmm a géif sech och vum selwe ginn. Doheem wollt een de Mippchen emol richteg ukomme loossen an och net bei déi 700 Euro, déi d´Nanook kascht hat, nach eng, dem Vendeur no jo ganz onnéideg Interventioun vum Veterinär berappen.
Dat weess een dach awer, dass déi aarmen Déieren vun esou Plazen krank sinn?
Ee Rapidtest op Staupe mat engem Ofstréch vun den Aeconjonctiven war héich positiv, eng Kontroll op Parvoviros, eng Zort bluddegen Typhus mat engem Echantillon vu sengem Duerchfall och. Wéinst der ganzer Opreegung huet d´Nanook sech dunn emol gutt iwwerginn an domat eng Schossel voll Wierm wéi Spaghetti evakuéiert. Dem klengen Huskiemeedchen seng Prognos war guer net gutt. Et krut emol séier eng Wuermbehandlung. Géint déi zwou Viruskränkten u sech kann ee näischt maachen ausser Baxteren a generell Stäerken fir dass de Kierper selwer d´Infektiounen meeschter gëtt. No zwou Wochen Intensivmedezin an Isoléierstatioun, fir déi d´Rechnung méi wéi zweemol esou deier war wéi de Kafpräis vum Déierchen, konnt et heem. Mais no e puer Méint ass et un de Suitten vun enger Häerzmuskelentzündung dunn awer gestuerwen.