Wann mir Péng hunn, dann kënne mir dem Dokter op d'mannst beschreiwen wou et wéi deet, an op d'Péng an engem Stéck do ass, oder op se kënnt a geet. Bei eisen Hausdéieren ass dat aneschter. Do muss den Déierendokter villes testen an ausprobéieren.
Kënnen Honn a Kazen och Rheuma oder aner Zorten vu 'Polyarthritte' kréien, Romi Roth?

Dat war d´Fro vum Erny senger Meeschtesch, déi an de leschten Deeg  mat hirem schwéiere Luppes vu Labrador-Boxer-Mix ferm gehäit war. De kastréierte Ritt hat mat senge bal fofzeg Kilo bei engem hallwe Meter Schëllerhéicht vill ze vill op senge Rëpper an domat och op senge Gelenker, wat u sech scho chronesch Arthrose wéinst Iwwerbelaaschtung mécht. De Misär, mat deem hien elo an d´Praxis bruecht gouf, dee war awer ganz akut: hien hat Féiwer, wollt net méi friessen, huet scho vu Péng gebierelt wann een un hien komm ass an hat och d´Ielebougelenker déck geschwollen. An obwuel et leider och bei den Honn Immunkränkte gëtt, déi ënnert anerem un d´Gelenker ginn an domat wéi Rheuma bei de Leit verlafen, hate mir hei nach en anere Verdacht.

Romi Roth - Dem Erny säin Rheuma - Diagnos

Ëm dës Zäit a mat deem massive Virkommen, dat et dëst Joer un Zecke gëtt, denkt een do awer och un eng BORRELIOS, déi geet jo bei de Leit nawell och un d´Gelenker?

Den Erny krut e bësse Blutt geholl, wat mat engem Labostest dunn ënnert anerem och op déi heefegst Zeckekränkt an eiser Géigend gecheckt gouf. Mat negativem Resultat, wat eis frou gemaach huet, well hien och all Joer géint d´Borrelios geimpft gëtt. Op eng aner Zeckekränkt, déi et méi rar bei eis gëtt a géint déi mir nach keng Impfung hunn, d´'Ehrlichios', déi och un d´Gelenker geet an och soss all Symptomer mécht, déi den Erny hat, war hien héich positiv. Mat enger Behandlung géint d´Péng an d´Entzündung a mat dem Antibiotik Doxycyclin iwwert 6 Wochen hat den Erny säin Appetit nees erëm an ass doruechter gelaf wéi en Hues.

Romi Roth - Dem Erny säin Rheuma - Behandlung