
E war schonn hei mat Seeed! Ma muer ass de Peter Fox nees zu Lëtzebuerg, an dat um Festival USINA 2023 zu Diddeleng. Vläicht gehéiert Dir och zu deenen, déi beim Peter Fox all Zeil kënne matsangen? Bal 15 Joer ass et schonn hir dass den Album „Stadtaffe“ erauskomm ass. Mir léieren den Däitsche Museker e bëssi kennen haut de ganzen Dag op RTL.
De Peter Fox weess antëschent, wat seng Feeler sinn: "Klar, ich bin launisch und perfektionistisch. Ist keine ganz einfache Kombi..."
An: en huet en neien Album! E bëssen duerch Zoufall entstanen. Et sollt eigentlech eng Kollaboratioun ginn, bis deen aneren ofgesot huet…
Peter Fox: "Irgendwann hatten wir schon 5, 6, 7 Songs. Und dann gab's natürlich Leute, die gesagt haben: 'Hey, warum machst du denn nicht einfach wieder ein Album?' Erst wollte ich das nicht, und dann dachte ich aber: ja, warum eigentlich nicht? Und jetzt ist es halt so."
„Love Songs“ heescht déi nei Plack! Um Track „Toscana Fanboys“ ass kee Geréngere wéi den Adriano Celentano ze héieren. Wéi koum et dann zu där Zesummenaarbecht??
Peter Fox: "Adriano Celentano wurde eh gedropped in dem Song, und dann haben wir ihn gefragt, und dann hat das absurderweise auch noch geklappt. Der hatte mal so eine Fernsehsendung in Italien, in die er uns mit Seeed schon mal eingeladen hatte. Irgendwie war der also schon mal auf uns aufmerksam geworden. Es war nicht ganz unkompliziert, der ist auf jeden Fall auch eine Diva. Aber es ist trotzdem toll dass er da mit drauf ist!"