Muer ass de Peter Fox zu Lëtzebuerg um Usina Festival. Do kritt een och nei Musek vum Däitsche Museker ze héieren. Well fir muncher een déi beschte Noriicht bis elo dëst Joer: De Peter Fox huet en neien Album! „Love Songs“ heescht deen. Ënner anerem den Adriano Celentano ass mat derbäi...

02/06/2023 Peter Fox am Interview 3

Am Interview gëtt de Peter Fox en éierlechen Abléck an de kreative Prozess:
"Immer wenn's gen Abgabe geht ist harter Grind. Also dann ist vorbei mit Spaß. Aber ich glaube das ist auch echt Standard. Du kannst das eine halt nicht ohne das andere haben."

Bal 15 Joer sinn et zanter dem, antëschent ikoneschen, éischten Album „Stadtaffe“. An der Tëschenzäit huet de Berliner Museker sech och perséinlech entwéckelt.

Peter Fox: "Die Platte heißt natürlich nicht umsonst "Love Songs". Ich würde sagen früher war ich romantischer veranlagt, aber hab schon versucht auch noch mehr 'nen Toughen zu machen. Und jetzt hab' ich das Gefühl, das ist lächerlich."

Et kann een also soen de Peter Fox wier um Héichpunkt vun senger Carrière! Hie gesäit dat awer méi gelooss:

"Viele meiner großen Vorbilder, zum Beispiel Outcast, also André 3000, meinte: 'We came to fuck shit up' ... und jetzt ist es Zeit für jemand anderen "to fuck shit up". So. Und da muss dann halt auch Platz machen am besten. Und ich sehe mich auch nicht mit 70 noch auf der Bühne "Schüttel deinen Speck" singen."

Nach huet en der keng 70! Gott säi Dank, soss géing en e Samschden och net zu Diddeleng op der Bün stoen!

Ticketen fir den Festival Usina23 gëtt haut am Nomëtte beim Tom a beim Laurent ze gewannen!

RTL