D'Aarbecht rifft', seet een sou schéin. Mee wéi ass dat wann den Patron och nach no Feierowend urifft? Wéi ass dat wann een Owes oder de WE nach mat E-Mailen bombardéiert gëtt, muss ech déi liesen a beäntwerten? Den Affekot Jean-Jacques Schonckert erkläert

27/06/2023 Fro den Affekot: Ëmmer disponibel fir den Job?

Am Prinzip ass näischt virgesinn, et ass an der Handhab vun all eenzele Patron oder Employeur fir dat ze maachen. Dat heescht do ass eng Grauzone. Dat eenzegt, wat bis elo gereegelt war, do ass eng Jurisprudence, déi seet ganz kloer, wärend dem Congé dierf de Patron näischt froen, dat ass en No-Go.

Mä wärend den aneren Zäiten ass dat ganz ganz flexibel.

Et gëtt en neit Gesetz, wat seet dat dann?

Dat seet alles an näischt. Mä wat wichteg ass, le droit à la déconnection, dat heescht den Employé huet Recht net zu all Moment mussen ze äntweren. Dat heescht et muss een net all Moment disponibel ze sinn. Dat ass elo mol am Code du travail ageschriwwen. Mä wéi dat praktesch virgeet, do sinn elo nach Verhandlungen amgaangen an do gëtt et dann och eng Iwwergangsperiod vun 3 Joer. Wann déi Mesuren duerno net ëmgesat ginn, wéi zum Beispill du dierfs däi Computer net mat heem huelen oder d'Connection zum Betrib ass einfach ofgeschalt, wann do näischt gemaach ginn ass, da kann d'Inspection du travail et des mines Sanktioune spriechen tëscht 250 an 25.000 Euro. Et geet hei virun allem ëm d'Sécherheet an d'Gesondheet vun den Employéen.

Oder wann de Chef ee carrement freet fir no den 8 Stonnen um Büro eppes doheem fäerdeg ze maachen. Muss ech dat maachen?

Nee, dat ass den anere Prinzip, wou och net dru geréckelt gouf. D'Gesetz gesäit vir, 8 Stonnen ze schaffen, dat heescht net 9 oder 10 Stonnen. Wann een Iwwerstonne mécht, da muss een déi och bezuelt kréien. Natierlech wann een nom Motto schafft ''Am Abend wird der Faule fleissig'' an dann am Dag träntelt, do muss een dat selwer nohuelen a kucke fäerdeg ze ginn. Och dat ass am Interêt vum jidderengem.