En Hondsbléck léisst sou gutt wéi jiddereen schwaach ginn. Leider weess een awer net ëmmer wat en ze bedeiten huet. Op de Mupp frou oder traureg ass, oder op hien wéi huet. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall aus der Praxis derbäi, wou nach e puer aner Symptomer derbäi koumen, déi een huet missten deiten fir erauszefannen wat net gestëmmt huet.

Zanter senger Kastratioun war de Minischnauzer Jupp net méi gutt. De butzege Mupp wollt net méi spillen, an huet u sengem Fudder gelepst. Ëmmer nees hat hien den Duerchfall an huet sech iwwerginn. Wéi e net méi wollt mat spadséiere goen, sech wéi en Dillendapp am Krees gedréint an engem Stéck an d´eidelt oder op eng Mauer gestuerkt huet, an ouni Ursaach geknoutert a mat den Zänn geflätscht huet, ass et senge Leit duergaangen a si hunn en bei den éischten vun enger ganzer Rëtsch Déierendoktere bruecht.

Romi Roth - E klenge Mupp mat grousse Problemer - Analys

Esou ee butzege Minischnauzer, sinn déi Déieren net och einfach iwwerziicht? Bei där Rass muss jo effektiv mat  Problemer um Häerz, den Aen an dem Immunsystem gerechent ginn. A well hien ëmmer vill Zecken hat a seng Symptomer och bei d´Nerveform vun enger Borreliose gepasst hätten, gouf dat ënnersicht, alles mat negativem Resultat.

Bal och schonn um Enn vu sengem Latäin huet schliisslech een Déiere- Neurolog dem Jupp seng Galesaieren am Blutt ënnersiche gelooss. Dee Laboswäert war vill ze héich an eng speziell Röntgenënnersichung vu sengem Bäichelchen huet gewise firwat: de Jupp hat e "portosystemesche Shunt". Bei där Kränkt gëtt d´Blutt aus dem Gedäerms amplaz an d´Liewer fir do propper gemaach ze ginn, riicht weider an de grousse Kierperkreeslaf ëmgeleet. Vu dass dee Stoffwiessel-Knascht awer gëfteg virun allem fir d´Nerven war, huet sech domat säi ganze Misär erkläert. Mat engem Regime mat manner Proteinnen a Mëllechzocker ass et dem Mippchen scho vill besser. An e puer Wochen soll en op enger Unisklinik operéiert ginn. Ëm déi Oder déi der Liewer Blutt entféiert, gëtt dann e Rank geluecht, dee sech lues a lues zouzéie wäert.

Romi Roth - E klenge Mupp mat grousse Problemer - Traitement