
An dëser Woch präparéiere mer eis op déi grouss Vakanz déi déi nächst Woch ufänkt. Dofir d'Fro un den Affekot: Wat dierf een a wat dierf een net fotograféieren, an wat kann ech maachen wann ee vu mir e Bild mécht ouni meng Awëllegung? Äntwerte vum Affekot, dem Jean-Jacques Schockert.
Geschwënn ass Vakanz; da ginn erëm ganz vill Fotoe gemaach. Dacks knipst een och aner Leit oder et gëtt ee selwer "onfräiwëlleg" geknipst. Dierf ech jidderee fotograféieren, dee mir iwwert de Wee leeft?
Also prinzipiell schonn, ech mengen dat ass net de verbueden, dat ass Är Fräiheet, d'Fotografie wéi Der wëllt, mee wann et dat Bild wëllt huelen an et publizéieren, da musst Der virdrun den den Accord vun där Persoun hunn.
Elo kréien ech awer net mat, datt ech fotograféiert gouf a wëll awer do net gewise sinn, wou och ëmmer. Kann ech dee bieden, déi Foto dann ewech ze huelen?
Jo, op alle Fall an da kann een och dann insistéieren, elo läschs du dat. Bon dat ass elo Theorie, d'Praxis ass dann eppes anescht, mee wéi gesot, wann dat iergendwann eng Kéier publizéiert gëtt, da kann een déi Persoun zur Rechenschaft zéien, well do hu mir de grousse Prinzip vum Schutz vun der Privatsphär, an déi steet iwwert der kënschtlecher Fräiheet vun deem, deen eng Foto mécht.
Wéi ass et da wann ech op e Concert ginn an ech ginn dann do geknipst?
Wann een a engem Espace public ass, kann eemol ee mol dovunner ausgoen, datt eng Foto gemaach gëtt an déi Foto kann och publizéiert ginn, ouni dass ech elo ka soen: Oh di häss mech misste froen. Dat ass jo praktesch onméiglech? Mee wann awer déi Persoun , elo just op mech zoomt a wann ech nach amgaange si mat menger Partnerin, déi Offiziell oder net, Zäertlechkeeten auszetauschen, dat geet dann natierlech net, dat ass dann erëm en Agrëff an d'Privatsphär.
Wéi ass et da mat Plazen? Stëmmt et, datt een net alles dierf fotograféieren? Zum Beispill den Eiffeltuerm by night?
Ween huet nach net den Eiffelturm fotograféiert, wann et zu Paräis war a wien huet en net publizéiert? Ech mengen net, dass d'Gemeng Paräis, där dat gehéiert, do jiddwerengem noleeft. Esou genee geet dat och net, do geet et jo och net ëm d'Schutz vun der Privatsphär, do geet et dann sou ëm Proprieté intellectuelle. Mä do ass kee scharf drop, fir do e Prinzippien draus ze maachen, soss soen d'Leit op eemol: Wann ech net dierf fotograféieren, dann ginn ech net méi dohinner.
Natierlech ginn et bestëmmt Länner wou net alles direkt geknipst ginn, andere Länder, andere Sitten. Do sinn bestëmmt och Länner, déi si méi empfindlech. Dat kann effektiv theoreetesch verbuede sinn, mee an der Praxis geet dat alles duerch.