Wann een et mat sengen Hausdéieren ze vill gutt mengt ass et och net gutt, a wat een hinnen vum Allerbeschten ze vill zerwéiert wat et manner gesond ass.
De Labrador-Ridd Lou ass mat sengem Bauch carrement iwwert de Buedem geschleeft an d'Kaz Molly ass bal geplatzt. Ee Beispill vu villen déi d'RTL Déierendoktesch Romi Roth an hirer Praxis begéint, just dass déi zwee Déieren een an deselwechten Meeschter hunn.

Am Fong haten dem Lou an dem Molly hier Leit just ee Rendez-vous fir si ënnersichen an impfen ze loossen. D´Impfung just fir de Mupp, d´Kaz sollt nëmmen emol duerchgecheckt ginn,
well si strikt nëmmen am Haus gehale an och net mat op Reese geholl gëtt. Fir déi zwee Déieren war et dunn awer méi urgent, fir d´éischt géint hier pathologesch Kierpergréisst virzegoen: de Lou
hat ganz uerg Problemer mat sengem Réck an d´Molly -mat sengen 11 Kilo fir eng normal europäesch Kuerzhoer-Kaz abstrus ze déck- hat den Ufank vun enger Fettliewer.

Romi Roth - Déck Déieren - Fettliewer

Fettliewer ass e reelle Problem, a bréngt gären aner Schwieregkeeten mat sech.

Déi geet bei Kazen gär an eng déidlech Zirrhos iwwer an dofir waren d´Leit elo awer definitiv alarméiert. D´Molly krut hellewech per Sprétz a Pëllen staark Medikamenter fier séng Liewer.

A fir Hond a Kaz gouf ee Regime opgestallt, bei deem emol d´dréche Fudder lues a lues op der Säit gelooss gi soll an och mat engem douce Beweegungsprogramm geschafft gëtt fir si nees a Form
ze kréien.

Romi Roth - Déck Déieren - Regime