Dëse Weekend ass den Highlight vum Erasmus-Plus-Projet "Iessen deelen ouni Grenzen" vun der Foodsharing-Akademie vu Köln, an dat hei zu Lëtzebuerg. Op dësem Barcamp si ronn 60 Foodsharer a Foodsaver aus, ënner anerem, der Belsch, Däitschland, Groussbritannien, Éisträich a Lëtzebuerg ze fannen. Et geet virun allem ëm d'Liewensmëttelverschwendung a wat een dogéint maache kann.