
Mat Momenter kann een Hausdéieren mat klenge Kanner vergläichen. Zemol wann et ëm Geforen geet, virun deenen een si beschütze wëll. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth gëtt eis reegelméisseg en Abléck an d'Praxisliewen, a wéi eng aussergewéinlech Hëllefsriff do heiansdo ze héieren sinn.
Eng Damm war um Praxistelefon. Vu Kräischen konnt si bal net méi schwätzen. Schliisslech koum awer eraus, dass si grad hiren klengen Dackel Pixie aus der Schwämm am Gaart gefëscht hat . Si hat nach probéiert en ze reaniméieren, awer all hier Méi koum ze spéit. Firwat hien dann iwwerhaapt dra gefall wier, huet déi verzweiwelt jonk Meeschtesch gefrot? Ob dat vläicht wéinst der Impfung vu virun e puer Deeg kéint sinn?
Grad wéinst der Afenhëtzt an der Lescht rode mir, frësch geimpften Déieren onbedéngt e puer Deeg dobannen ze halen. Dem Pixie seng Tattchen huet du nach gemengt, hatt wier eben awer frou mat der Sonn a wier se dowéinst och opsiche gaangen esou ee Mupp wéisst dach, wat gutt fir hien wier, a wat net!
Dat ass awer net sou sécher.
Wann dat esou wier, da géifen et fir Honn och keng Vergëftungen mat Schockela oder Rategëft ginn. Vun der Hëtzt mat en plus Féiwer wéinst enger Impfreaktioun, hat de klengen Dackel einfach den Dusel an ass vu sech an de Pool getrollt, un deem dunn awer och näischt installéiert war, fir him nees eraus ze hëllefen, wann ee selwer net bei senger Schwämm ass fir ze reagéieren. Dowéinst sollt am Fong och ëmmer eng Baatsch iwwert dem Waasser sinn. Wann net, da wéinstens awer een Aascht oder soss eppes déi engem Déier et méi liicht mécht nees erauszekommen.