De Joel Marques ass den Ament an der 13. Staffel vun "The Voice of Germany" mat derbäi! Mir haten den Déifferdenger am Interview.

27/09/2023 The Voice of Germany 15h50 INTERNET final

A wann de Joel eppes ass, ausser extrem talentéiert, da bescheiden!

Joel Marques: "Et war esou vill Feedback, deen ech op der Bün krut, ech wosst einfach net wéi reagéieren. Da seet deen een dir eppes, dann deen aneren... Ech war mega iwwerwältegt vun deem Feedback an ech hat dat net erwaart!"

RTL

Mir hunn de Joel, deen och Piano a Gittar spillt, och gefrot wéi hien iwwerhaapt Museker ginn ass.

Joel Marques: "Ech hu fréi ugefaange mat sangen. Iergendwann sinn ech an de Conservatoire gaange fir Gittar ze léieren. A mat der Zäit huet et sech erginn dass ech meng eege Musek maachen. Ech schreiwen eege Lidder, déi ech net released hunn. An ech hu verschidde Covers."

Wou kann een dem Joel dann hei am Land nolauschteren?

Joel Marques: "Meng Musek maachen ech niewebäi: op engem Apero, fir Hochzäiten, heiansdo och a Caféen. D'lescht Joer war ech och op der Fouer. Wien dann deen Ament nolauschtert lauschtert no, a wie net dee net!"

RTL

Am Verglach dozou war en Optrëtt bei „The Voice of Germany“ natierlech e klénge Kontrast…

Joel Marques: "Dat war eng ganz aner Erfarung. Do sinn ech wierklech op enger Bün, d'Leit sinn do fir wierklech nozelauschteren. Dat ass eppes ganz anescht... e mega Feeling! Ech kann emol net beschreiwen wéi gäil et war well ech dee Moment einfach alles genoss hunn. Ech ka mech u net wierklech vill erënneren."

RTL

De Joel bleift awer um Buedem wann et ëm seng Ziler an Uspréch fir d‘Zukunft geet.

Joel Marques: "Sangen ass eppes wat ech wierklech mega gär maachen, soulaang ech d'Opportunitéit dozou hunn a kréien maachen ech et zu 100 Prozent. Wann et duer geet geet et duer, a wa net da net."

Mir wënschen op alle Fall alles Guddes fir d‘Zukunft, an dass de Joel Marques op mannst bis an d‘Finall vun „The Voice of Germany“ kënnt!