
Deemno wou eis Hausdéieren sech den Ament erëmdreiwen, kënne se och alt emol Saachen oprafen a mat Heem bréngen, wou een net direkt den Duerchbléck huet ëm wat et sech dréit, et weess ee just dass eppes net normal ass. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth kennt sou e Fall wou et e bësschen alles hätt kéinte sinn.
Den Alfie war schonn zanter e puer Deeg ganz driibseg. Heiansdo huet de schéine Tibet Terrier gegierkst wéi wann hie sech misst iwwerginn a seng Verdauung ass och ëmmer méi mëll ginn. Wéi säi Meeschter hien op eemol hellewech an d´Praxis bruecht huet, ass et no vir an hannen just nach bluddeg ewech gaangen. Well ee vun deene Fiiss gelies hat, déi u Staupe (op franséisch Maladie de Carré, Distemper op englesch) gestuerwe sinn an den Alfie net ganz konsequent duerch geimpft war, hu seng Leit natierlech gefaart, hien hätt elo déi Fuussekränkt vum Spadséieren aus dem Bësch matbruecht. An Duerchfall a Briechen sinn effektiv oft éischt Symptomer fir Staupe.
Natierlech awer och och fir eng Vergëftung?
Jo, oder fir ee vun de Bengelcher, déi hien wéi versiess jot fir dann drop ze knaen a vun deem Spläiteren dann och emol a sengem Geträips stiechen bleiwe kéinten. Ronderëm déi méi niddreg Temperaturen déi mir nees hunn, ass d´Staupe leider awer och eng vun de méiglechen Diagnosen. An der Keelt kënnen déi Keimer bis dräi Wochen am Bësch iwwerliewen. Déi Kränkt ka geféierlech ginn fir net oder net richteg geimpften Honn, Wëllef, Fiiss, awer och fir Marderen an deenen hier no Famill oder fir Wäschbieren.
Wéi ass et mat Kazen. Kënnen déi och krank ginn?
D´Kaze ginn net krank.De Mënsch och net, obwuel de Virus ganz no, mat deem vun de Riedelen Famill ass. Mat engem Schnelltest op Aen- an Nuesenofstréch gouf dunn awer kloer, dass den Alfie d´Staupe nét erwëscht hat. Seng Impfung, obwuel schonn 3 Joer hier, war warscheinlech just nach gutt. Hien hat HGE (=hämorrhagesch Gastroentérite), eng akut bluddeg Modaarmgripp. Souguer a schwéiere Fäll mat däer Pathologie ass et mat e puer Baxteren a Medikamenter géint d´Entzündung, d´Daarmkrämp an d´Bluddung meeschtens a wéi bei eisem Muppepatient och ouni weider Problemer gedoen.