
Elo wou de Wanter kënnt, ass et net schlecht wann en Déier och en déckt Pelz huet. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet awer kierzlech e Fall gehat, wou eppes net gestëmmt huet. Déi u sech am Fong kuerzhoreg däitsch Schéiferhondsmudder Fee huet hier Meeschtesch alt nees geplot. Wéinst enger Entzündung vun der Matrice, hat si mat enger Nout- OP d´Gebärmutter an d´Eeërstack ewechgeholl kritt.
Zanterhier huet dat aacht Joer aalt Déier op eemol och e bal lächerlech décke, wujelege Pelz gezillt! Grad no Kastratioune vu Muddere vu mëttel- bis laanghoregen, méi groussen Hondsrassen ass dee sougenannte Schofspelz oder och Welpenpelz keng Raritéit. Well dann déi weiblech Geschlechtshormoner feelen, déi jo op den ewech operéierten Eeërstack fabrizéiert goufen, gëtt de Pelz nees wéi bei engem Welpen. Déi méi mëll a méi dënn Ënnerwoll wuchert dann iwwert déi méi déck a blénkeg Deckhoer an déi weiblech Muppen gesinn an Extremfäll wéi beim Fee bal aus wéi e laang net méi geschuerent Schof.
Dat gëtt da Freed op den Tapisen an de Kleeder?
D´Fee verléiert elo enorm vill fettege Schubber a Woll, wat sech doheem bal net méi geréiere léisst. A schonn am Normalfall kann de Pelzwiessel am Fréijoer an am Hierscht bis 2 Méint daueren. Dofir muss d´Fee elo onbedéngt all Dag seng sëllege lassen Ënnerwoll-Hoer eraus gekämmt kréien. Géint den Hiefpilz, deen u senger Haut ugoe konnt, well do guer keng Loft méi hikoum, gëtt et all Woch an der Bidden mat engem spezielle Shampoing behandelt. Mat Biotin, B-Vitaminen a Béierhief sollt den neie Pelz sech méi séier entwéckelen. A mat Planzenöstrogener iwwer d'Fudder misst an dann och emol säin Welpepelz definitiv meeschter ginn.