
© Mediocre Studio on Unsplash
Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi dacks Affer vu Phishing-Attacken. Esou Attacken ginn et schonn éiweg, mä laang ware mer hei am Land manner betraff. Ewell si Mailen, déi ausgesinn wéi wa se zum Beispill vun der Police oder vu Guichet.lu géife kommen, näischt Aussergewéinleches méi. Fir d'Leit viru Bedruch ze schützen spillt Opklärung a Berodung eng wichteg Roll.
An déi Roll huet BeeSecure zu Lëtzebuerg iwwerholl an d'Bedeitung vun dëser Regierungsinitiative gëtt ëmmer méi grouss. De Jacques Federspiel vu BeeSecure seet et géifen an Tëschenzäit ganz cibléiert Attacken op Lëtzebuerg ginn.
D'Sprooch wier kee Problem méi, déi Onéierlech wéissten datt Lëtzebuerg e räicht Land ass an déi nei Technologien géifen et méiglech maachen. D'Attacken wierken ëmmer méi professionell a mir passen dacks net gutt genuch op.
Mir ginn als Mënsche getriggert, hautdesdaags mat eisen Applikatiounen, mat TikTok, Snapchat, LinkedIn a wéi och ëmmer, wou mer einfach ëmmer higinn a scrollen, scrollen, dat heescht mir huelen eis am Fong geholl net méi richteg Zäit, ze kucke, wat leeft. Op där anerer Säit muss ee soen, dass d'Qualitéit am Fong geholl immens zougeholl huet. Fréier war et sou, dass vill Feeler dobäi sinn, haut sinn di wierklech, wann der net richteg wësst wéi dat fonctionéiert, da faalt der drop eran.
Et ginn awer Méiglechkeete fir sech ze schützen, och wann déi engem vläicht banal virkommen. Als alleréischt seet de Jacques Federspiel soll een onbedéngt iwwerpréiwen vu wiem déi Mail ass, déi ee grad viru sech huet.
Dat heescht, kuckt ëmmer hannert dem At, wat genau do steet. Wann Der vun Amazon eppes erwaart, huet Dir hannendrun at amazon punkt Com sinn. Déi zweet Saach ass am Fong geholl déi, wann Dir sou e Link geschéckt hutt, dat heescht net, och wann Der visuell e Link hutt, déi bekannt virkënnt, dass et en en Alias ass, dat heescht wann Der mat der Maus drop gitt oder wann eng Tablet hutt an Dir klickt laang drop, kritt Der de Link drop, da kuckt Der einfach eran, ass dat wierklech vun där Persoun oder vun deem Site.
BeeSecure réit dann och ëmmer an déi respektiv App ze goen an net einfach esou op e Link ze klicken. Sollt een dann awer an eng Fal tappen kann een natierlech bei d'Police goen d'Luxembourg House of Cybersecurity kontaktéieren.