Wann en Déier näischt méi iesse wëllt ass dat net normal, awer och de Contraire ass meeschtens en Alarmsignal, dass eppes net stëmmt, wann een ze vill an d'Forschette schléit. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut en Déierepatient matbruecht bei deem dat de Fall war. 

16/11/2023 Déierentipp

De rouden Tiger Gary, mat 15 Joer och fir een mat sametten Patten schonn en eelert Semester, huet an der Lescht gesoff wéi e Lach an och deementspriechend enorm Pippi gemaach. Gefriess hätt deen ale Kärel am léifsten och ouni Enn, seng Leit si mam Fidderen net méi nokomm. Donieft war hien an engem Stéck gestresst, huet nonstop ganz haart gemiaut a kee Leeër méi fonnt. Mam Verdacht op Zocker ass hien dunn emol an d´Consultatioun bruet ginn.

Romi Roth - Hyperthyreos - Diagnos

Kazen drénke jo am Fong normalerweis bal näischt?

Jo, mir hunn alt Leit, déi dowéinst mat hire Kazen consultéiere kommen. Mat enger Bluttanalys war beim Gary de Verdacht op eng Zockerkrankheet séier eliminéiert. Seng Nieren a seng Liewer waren och nach eenegermoossen an der Rei.  Mais den Haaptschilddrüsewäert war immens héich, am scho net méi moossbare Beräich. Am Fong eng klassesch an ëmmer méi heefeg Diagnos bei Kazen vum siwente Liewensjoer un. Mat Pëllen, déi d´Schilddrüs berouegen, sou genannten Thyreostatika ass de Gary elo erëm ganz den Alen: hien ass erëm gemittlech, drénkt bal näischt méi an huet mat enger Gamelle Fudder den Dag méi wéi genuch.

Romi Roth - Hyperthyreos - Traitement