Den 8. Oktober hu mer hei zu Lëtzebuerg eng nei Chamber gewielt. Well d'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP méi séier ofgeschloss konnte ginn, wéi vill Leit sech dat erwaart haten, start d'Parlament schonn haut definitiv an déi nei Legislaturperiod. 21 Deputéiert ginn de Mëtteg vereedegt. Nieft "ale" Bekannte sinn der och eng Partie dobäi, déi fir d'éischte Kéier an d'Chamber anzéien, dorënner de Jeff Boonen. De Bauer gouf Fënneften op der CSV-Lëscht am Norden a réckelt fir d'Martine Hansen, déi als Landwirtschafts- a Konsumenteschutzministesch an d'Regierung wiesselt, no. Äert et de Mëtteg sou wäit ass, fille mir am Virfeld mol e bëssi de Bols, a well Bauere jo normalerweis zimmlech fréi op de Been sinn, hu mer de Marc Hoscheid op Ielwen an der Gemeng Biekerech geschéckt.

21/11/2023 Jeff Boonen