Net just an de Supermarchéë, mee och op der Schipist ginn d’Präisser erop. Wien also dës Saison an de Wantersport wëll, muss definitiv méi déif an Täsch gräifen. Dat weise Präisvergläicher um Internet.

29/11/2023 D'Präisser an de Schigebidder ginn erop

Jo, Schifuere war och scho virdru kee bëllege Spaass, ma dat wäert sech warscheinlech och net esou séier änneren. Wat opfält ass, datt d’Präisser dëst Joer däitlech méi ugezunn hunn, wéi déi Jore virdrun. Déi Top Schigebidder wéi Zermatt, Sölden oder Dolomiten knacken dëst Joer fir d’éischte Kéier d‘400-Euro-Grenz beim Schipass vir 6 Deeg. Bei deene meeschte Gebidder sinn d’Präisser tëscht 5 an 10 % erop gaangen. Bei verschiddenen esouguer 15%.

Mee et gëtt Hoffnung. Et gi Weeër, wéi een net grad esou vill muss bezuelen. Et muss ee just wësse, wéi ee sech uleet?

Jo, do ginn et e puer Méiglechkeeten. Vill Schigebidder lackele mat interessanten Offeren, bei deene bis zu 30 % wénken, wann een online bucht an dat am beschten esou fréi wéi méiglech.
Eng aner Méiglechkeet ass déi verschidde Schigebidder am Aen ze behalen an ze kucke wou momentan net vill lass ass. Dacks gëtt nämlech mat dynamesche Präisser geschafft. Dat heescht, wat manner op der Pist lass ass, wat et méi bëlleg gëtt. Virun allem an der Schwäiz huet dëse System grousse Succès.

Wat sinn dann déi deierste Gebidder?

Ganz vir ass d’Schwäiz, mat zum Beispill Matterhorn Ski Paradies oder St. Moritz. Mee och Frankräich mat Trois Vallées, Italien mat den Dolomiten an Éisträich mat Kitzbühel oder Ischgl.

A wou muss een nach net grad esou déif an d’Täsch gräifen?

Also bëlleg ass et néirens, mee hei hunn d’Präisser nach net grad esou ugezunn, zum Beispill zu Galtür am Paznaun, dat läit direkt bei Ischgl oder Kühtai-Hochoetz bei Innsbruck. A wann ee mat Kanner ënnert 10 Joer ënnerwee ass, da wier Stubai an Éisträich villäicht eppes, hei mussen d'Kanner nämlech kee Cent fir de Schipass bezuelen.

Also wann der dës Saison nach an de Wantersport fuere wëllt an nach net gebucht hutt, da begannt Iech a mat bësse Chance kommt Dir e bësse méi bëlleg un äre Schipass.