Wann Dir mam Auto an d’Vakanz fuert, da bestëmmt net ouni Navi oder? Esouguer fir kuerz Strecken hei am Grand-Duché benotzen ëmmer méi Leit déi digital Hëllef. Et ass jo och einfach praktesch. Ier et de Navi gouf, hunn d’Leit sech nach missen op hiren Orientéierungssënn an d’Kaarte verloossen. Eppes wat sech vill Leit haut wierklech net méi virstelle kënnen. Mee zanter wéini gëtt et de Navi iwwerhaapt, Max Richartz?

08/12/2023 40 Joer Navi

Wann Dir mam Auto an d’Vakanz fuert, da bestëmmt net ouni Navi oder? Esouguer fir kuerz Strecken hei am Grand-Duché benotzen ëmmer méi Leit déi digital Hëllef. Et ass jo och einfach praktesch. Ier et de Navi gouf, hunn d’Leit sech nach missen op hiren Orientéierungssënn an d’Kaarte verloossen. Eppes wat sech vill Leit haut wierklech net méi virstelle kënnen. Mee zanter wéini gëtt et de Navi iwwerhaapt, Max Richartz?

Max: Scho fréi, nämlech ëm 1900 Joren ass d’Iddi entstanen den Autosfuerer ze hëllefen déi richteg Routen op de Stroossen ze fannen.1905 gouf et an Amerika déi éischt Photo-Auto-Maps. Dat ware kleng Broschüre mat Fotosgalerien aus der Perspektiv vum Chauffeur. Déi huet een dann ëmmer selwer missen ëmbliederen.

Dat war nawell ëmständlech. An den 30er-Jore koumen du scho Rullen aus Pabeier mat de Weeër drop, déi sech jee no Vitesse méi séier respektiv méi lues viru gedréint hunn. Ma an den 80er Jore war et dunn endlech esouwäit an d’EVA ass op de Maart komm. Den éischten elektroneschen Navigatiounssystem fir an den Auto.

A firwat de Numm EVA? Ma dat ass d'Ofkierzung fir „Elektronische Verkehrslotse für Autofahrer“. An dëse war ganzer 8 Kilo schwéier an esou grouss wéi eng Plënnerkëscht. Den Techniker Otmar Pilsaks krut den Optrag vun der Firma Blaupunkt fir en Navigatiounssystem ze erfannen, fir deen ee keng Stroossen oprappen oder aner Infrastrukture schafe misst. Wat 1983 dobäi eraus koum, war d’EVA.

Dëse System huet awer nach net direkt an all Stad funktionéiert, mee just an enger Stad an zwar an Däitschland zu Hildesheim. All Plaz, wéi zum Beispill der Kierch, gouf eng Nummer zougedeelt an déi huet een dann um Navi missen aginn. Virdrun awer natierlech och nach déi Plaz, wou ee fortgefuer ass. Obwuel de System nach kee GPS hat, wosst en du genee, wou een dru war. Eng Männerstëmm huet een dann duerch d’Stad an Niedersachsen guidéiert. Firwat keng Fraestëmm? Dat hat effektiv e simpele Grond. Well d’Männerstëmm méi déif ass, huet dës manner Späicher gebraucht a war dofir méi einfach ze digitaliséieren.

Hautdesdaags kann ee jo net just d’Geschlecht vun der Stëmm um Navi astellen, mee och d’Lautstäerkt, den Tempo an esouguer de Numm. A praktesch ass och, datt de Navi net just zu Hildesheim funktionéiert, mee praktesch iwwerall op der Welt an och keng 8 Kilo méi weit mee an all Boxentäsch passt.