An der Ouschtervakanz waren d'U-Kaderen vun der FLF am Ausland op sougenannten Kompetitiounswochen, an koumen mat richteg gudde Resultater nees Heem.
An der BGL-Ligue ass d'Fro ëm d'Meeschterkroun esou gutt wéi gekläert. Den F91 schéngt speitstens zanter der Victoire gëscht op der Fola, säin Titel kënnen ze verdeedegen. Ee Mann, deen an de leschte Wochen richteg opgedreit huet, an e grousse Undeel un de positive Resultater huet, ass den Diddelenger Stiermer Dave Turpel. Den FLF-Magazin vun haut mat Rich Simon an Franky  Hippert:

16/04/2018 18h20 FLF Magazin