D'US Esch steet an der BGL-Ligue als éischten Ofsteiger fest. Déi zweeten Ofstigs- respektiv d'Relegatiounsplaz maache mat Rouspert, Stroossen an Rodange wuel 3 Equipen ënnert sech aus. Wat déi drëtt Positioun an der Tabell ugeet, déi als lescht fir Europa a Fro wäert kommen, gesäit et esou aus, wei wann sech déi zwee Escher Verainer Fola a Jeunesse dorëms streiden. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes a Franky Hippert:

23/04/2018 18h20 FLF Magazin

Bei der Auslousung vun den Halleffinal an der Coupe de Luxembourg koumen e Freideg d'Partien Wolz géint Hueschtert, an Racing géint Déifferdeng eraus. D'Matcher sinn Mëttwochs de 9. Mee programméiert.

Quiz: Fabrizio Bei (President FC Déifferdeng 03)