An der Gruppephase vun der Europa League ass et en Donneschdeg den zweete Spilldag, an do reest F91 Diddeleng bei Betis Sevilla. Gëscht ass den Test mam 6-1 Succès géint Titus Péiteng jo scho mol gegléckt. An der BGL-Ligue steet d'Jeunesse no 7 Spilldeeg, mat esouguer engem Match manner, un der Tabellespëtzt. Den FLF-Magazin mat Gilles Tricca a Franky Hippert:

01/10/2018 18h20 FLF Magazin

RTL Radio an Tëlee Lëtzebuerg sinn en Donneschdeg bei der Europa League Partie Betis Sevilla geint den F91 Diddeleng dann och Live vun 5 fir 7 un, fir Iech um Ball. Den Owend um 8 Auer ass et an der BGL-Ligue nach d'Partie Fola géint Nidderkuer.