Am Football geet et Schlag op Schlag. No der Nationalequipe war de Weekend nees Championnat, wou et déi éischt Defaite fir d'Jeunesse gouf. An der Woch ass Diddeleng an der Europa League am Asaz, an duerno stinn op nationalem Plang d'16.tels Finalen an der Coupe de Luxembourg um Programm. Den FLF-Magazin vun haut mat Gilles Tricca a Franky Hippert:

22/10/2018 18h20 FLF Magazin

An e Samschdeg war jo den 100. Kongress vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun. Do gouf fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der FLF eng Fra an de Verwaltungsrot gewielt. D'Carine Nardecchia, Presidentin vun der Luna Uewerkuer, ass e Freideg de Mëtteg tëscht 12 an eng Auer, Invitee an eiser Emissioun "am Gespréich", beim Franky Hippert a Gilles Muller!

Quiz-Äntwert: Paul Philipp