Den FLF-Magazin ass an der Wanterpaus, mär schwätzen haut awer iwwer Futtball. Déi lescht 5 Méint waren extrem intensiv fir den F91. Den Diddelenger Futtballveräin hat sech als éischte Lëtzebuerger Club fir d'Gruppephase vun der Europa League qualifizéiert. Nieft dem normalen Alldag mat Championnat a Coupe hunn e Grapp voll Benevole nach zousätzlech 14 Matcher missen organiséieren - wat am Ausland bis zu 80 Haaptberufflecher maachen, Franky Hippert:

17/12/2018 18h20 F91 an seng Benevole

Virun allem dierft et jo mëttelfristeg schwéier ginn nach eng Kéier esou wäit ze kommen, net zulescht well de Mäzen Flavio Becca jo annonceiert huet Diddeleng ze verloossen.