E Mëttwoch geet fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe d'Preparatioun fir déi nächst Europameeschterschaftsqualifikatioun lass. Den 22. Mäerz kréien d'Rout Léiwen et jo do am Stade Josy Barthel mat Litauen  ze dinn. D'FLF-Formatioun spillt lo e Mëttwoch den Owend zu Kanech en Testmatch géint Saarbrécken, aus der Däitscher Regionalliga. D'Profien wäerten do net dobäi sinn. De Franky Hippert huet awer beim Nationaltrainer nogefrot, wéi et bei verschiddene vun senge Spiller am Ausland ausgesäit:

11/02/2019 18h20 Football Luc Holtz

13 Joer nom Jeff Strasser, war e Freideg mam Leandro Barreiro, nees e Lëtzebuerger an der Däitscher Footballbundesliga am Asaz. De Luc Holtz hat den Optrëtt vum 19 Joer jonken Spiller vum FSV Mainz natierlech matkritt:
cut
Méi komplizeiert ass et do jo aktuell beim Laurent Jans. D'leift tëscht dem FC Metz an dem Kapitän vun de Roude Leiwen hält sech a Grenzen. D'Lëtzebuerger schengen et souwisou an de leschte Joren ëmmer schwéier bei de Grenats ze hunn:
cut
Fir d'Europameeschterfschaftskampagne däerf ee gespaant sinn, wei de Nei-Japaner, de Gerson Rodrigues, dee jo lo am Land vun Nippon spillt, d'Urees an den Zaitënnerscheed verkraft, wann hien bei d'FLF-Formatioun kënnt:
cut
Wat déi nächst Méint uginn, ass den Lëtzebuerger Footballnationaltrainer optimistesch, wat den Profi vun New York Fc, den Maxime Chanot ugeet:
cut

De Luc Holtz huet et gesot, hien huet den Domenec Torrent getraff, deen 20 Joer Co-Trainer bei engem vum FLF-Coach sengen Trainer-virbild, Pep Guardiola war:
cut
Lo fir de Match e Mëttwoch hat de Nationaltrainer geplangt, fir den Antonio Luisi vun der Jeunesse ze ruffen. Dem seng Blessure ass awer méi schlëmm wei gemengt. Et gesäit esou aus, wei wann de Stiermer vun deenen Escher, op mannst déi nächst 9 Méint kéint ausfalen.