U sech sollt de Weekend d'Reprise no der Covid-Paus an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball sinn. Duerch Diskussiounen ronderëm d'Schnelltester gouf dat awer elo ëm e puer Deeg verréckelt. Am FLF-Magazin vun haut geet et awer virun allem och ëm d'Nationalequipe. De Franky Hippert ass der Fro nogaangen, wou dann d'Auswäertspartie an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint de Qatar ass:

08/02/2021 17h50 FLF Magazin

Wat d'Reprise no der Covid-Paus an der BGL-Ligue ugeet, muss een natierlech just kucken, ob elo net d'Wieder de Futtballspiller e Stréch duerch d'Rechnung wäert maachen.