An der BGL-Ligue hunn se mëttlerweil 16 Spilldeeg hannert sech, an de Championnat leeft op vollen Touren. Mat der Fola, Diddeleng an Hesper setzt sech en Trio un de Tabellespëtzt of. D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet dann d'lescht Woch decidéiert, datt vun der Eirepromotioun un erof bis an d'drëtt Divisioun, an de ganze Jugendchampionnat, fir des Saison definitiv alles gestoppt ass. Den FLF-Magazin vun haut, mam Franky Hippert:

15/03/2021 17h50 FLF Magazin

E Samschdeg geet et also scho lass mam 17. Spilldag, an do ass et dann ënnert anerem d'Partie F91 Diddeleng géint de Progrès Nidderkuer.

Quiz: Stefano Bensi (Spiller vun der Fola a Nationalspiller)