An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball ass et haut d'Suite vum 19.te Spilldag. D'lescht Woch stoungen déi zwou Nationalequipen vun der FLF am Mëttelpunkt. D'Dammen kruten déi positiv Nouvelle datt si bei der nächster WM-Qualifikatioun vum FLF-Verwaltungsrot ageschriwwe goufen. D'Equipe vum Hären-Nationaltrainer Luc Holtz huet nom éischten duebele Rendezvous an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun, mat zwee staarken Optrëtter geint Irland an Portugal, e weidere Schratt an der Leeschtungsskala no vir gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

05/04/2021 17h50 FLF-Magazin

An an der BGL-Ligue waren e Samschdeg jo schonn zwou Partien. De Leader Fola wënnt 2-0 beim RM Hamm Benfica, an Stroossen huet 1-3 geint Rouspert verluer. Zanter 5 Auer spillt Peiteng geint de Noper Nidderkuer. An der Paus steet et ...-...!

___________________

Quiz-Äntwert: Joel Wolf (Generalsekretär vun der FLF)